Datt eist Klima sech ännert, dat ass eng Realitéit. En vue vun dëser Realitéit ginn et déi Leit, déi fir e Schrumpfe vun der Wirtschaft a géint de wirtschaftleche Wuesstem plädéieren. Et ginn awer och Optimisten, déi un d'mënschlech Innovatiounskraaft an un den Fortschrëtt gleewen, an déi mengen, datt mir eis duerch Technik wäerte retten. U wie soll ee sech elo halen?