An den 3 Lëtzebuerger Prisonge Schraasseg, Uerschterhaff a Giwenech sinn aktuell 623 Detenuen. An dofir brauch een och vill Personal: Et sinn eng 570 Giischtercher néideg fir fir Uerdnung a Sécherheet ze suergen - 271 dovun eleng zu Schraasseg. Fir si bedeit dat all Dag d’Balance halen tëschent Kontrolléieren an Nolauschteren, tëschent Administratioun a Matgefill.