Wéi mir Enn d’lescht Woch gemellt hunn, huet de Finanzminister Gilles Roth leschte Freideg de Fraktiounen déi geplangten Ännerungen un der Persounebesteierung virgestallt. 900 Milliounen Euro d’Joer soll et de Staat kaschten, an et soll just nach eng Steierklass fir jidderee ginn. Wat bedeit dat elo konkreet?