Mëtt Oktober gouf den éischten offizielle Bréif vum Poopst Leo XIV. publizéiert. Dat war laang erwaart ginn, well de Poopst mat programmatesche Aussoe bis elo éischter zeréckhalend war. Am Fräie Micro vun haut kommentéiert de Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum dat éischt Schreiwes vu Poopst Leo XIV. un d’Weltëffentlechkeet, dat et a sengen Ae verdéngt, dass och Net-Gleeweger sech dermat ausernee setzen.