De 7. Mee 1945 huet Däitschland am zweete Weltkrich d’ Kapitulatioun ënnerschriwwen. Haut virun 80 Joer ass déi dunn a Kraaft getrueden. Och zu Lëtzebuerg huet dat fir Freed gesuergt. Obwuel Lëtzebuerg schonn am September 1944 vun den Amerikaner liberéiert gi war an dunn am Januar 45 nach d’ Ardennenoffensiv iwwerstanen hat huet een den 8. Mee awer nach deelweis gefeiert. De Jo Welfringer huet mam Historiker a Kurator vum Militärmusée zu Dikrech Benoît Niederkorn doriwwer geschwat.