Bal 3.800 Schüler sinn dëst Joer fir d'Premièresexamen ageschriwwen. Si hunn elo eng stresseg Zäit virun sech. A wéi et schéngt, ginn sech och ëmmer méi Primaner Hëllef siche fir mat dem Stress em ze goen. Den Echo géif op alle Fall an de leschte Jore vun de Psychologen aus de Schoulgebaier kommen. Dat seet d’Armanda Hamtiaux, d’Vize-Direktesch vum schoulpsychologesche Service, dem Cepas.