Haut op den Dag sinn et véier Joer hier, datt Russland d’Ukrain ugegraff huet. Zënterhier ass e Krich amgaangen, vun deem d’Enn esou séier net en Vue ass. Mindestens 15.000 zivil Doudesaffer a méi wéi 40.000 blesséiert Zivilisten huet de Krich bis ewell gefuerdert. Zënter dem Ufank vum Krich 2022 sinn och vill Ukrainer:innen op Lëtzebuerg geflücht. Ëm déi 7.700 dovu kruten eng Protection temporaire zu Lëtzebuerg. Aktuell liewen ëm déi 4.000 Ukrainer:innen zu Lëtzebuerg. Wéi ass deenen hir Situatioun hei am Land? A wéi gutt si si integréiert? Ënner anerem doriwwer huet de Jo Welfringer mam Nicolas Zharov, dem President vun der Associatioun LUkraine geschwat, déi sech zu Lëtzebuerg fir Ukrainer:innen asetzt. An deen huet net mat Kritik gespuert.