Moiesstudio

Wéi geféierlech ass den Hantavirus?


Listen Later

Gëschter huet d’Croisièresschëff MV Hondius, op deem den Hantavirus ausgebrach ass, op Teneriffa ugeluecht. Ennert strenge Sécherheetsmesurë sinn d’Passagier an en Deel vum Equipage vum Schëff evakuéiert, ausgeflunn an a Quarantän bruecht ginn. All Leit déi u Bord ware gëllen als Héichrisiko-Kontaktpersounen. Et hat dräi Doudesfäll a Verbindung mam Ausbroch vum Virus um Schëff ginn. D’Weltgesondheetsorganisatioun huet Entwarnung ginn: Zu enger neier Pandemie wäert et wuel net kommen, ma vill Leit maachen sech trotzdem Suergen. Wéi geféierlech ass dësen Ausbroch, doriwwer schwätze mir mam Virolog Claude P. Muller vum Luxembourg Institute of Health.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7