D‘lescht Woch hat de Mouvement écologique wéinst enger Etude vum Kollektiv PAN Europe eng Diskussioun doriwwer lassgetrëppelt. Der Etude no wier e Lëtzebuerger Apel duerchschnëttlech mat 7 Pestizide belaascht. De Landwirtschaftsministère hat nach e Freideg reagéiert a betount, datt sech un d‘Grenzwäerter zu Réckstänn vu Planzeschutzmëttel géif gehale ginn. An och den Nico Hoffmann vum Pretemer Haff, deen Äppel ubaut, betount, datt reegelméisseg kontrolléiert géif ginn.