Momentan wäre ronn 22.000 Leit an der lëtzebuergescher Datebank fir Dons de Moelles agedroen. Bei wäitem net genuch. Dass eng Stammzellentransplantatioun hautdesdaags guer net méi sou schlëmm ass, wéi een et vläicht mengt a wéi frou een ass, wann ee mat enger Spend ka Liewe retten, weist d’Geschicht vum Maurice Schwarz a senger Mamm.