No der "The Pilot Episode" geet et elo richteg lass. Nodeems mir eis virgestallt hunn, hu mir dës Kéier driwwer geschwat, wéi eng K-Pop Band mir dann am meeschte feieren a wisou. Ausserdeem hu mir driwwer geschwat wéi et an dësem Business ofleeft, wat däerfen d’Idols a wat net. Mir hunn dann och verroden, wat mir am allgemenge gäre lauschteren. Iwwer Insta oder TikTok kanns du eis och gäre schreiwen a verroden, wat s du gäre lauschtert. Du kanns eis och verroden, wat s du dir vun eisem Podcast an deenen nächst Méint erwaarts.