De Wiederservice Meteolux huet eng éischte Kéier d’Donnéeë vun de leschten 12 Joer iwwer d’Verdeelung, d’Heefegkeet a besonnesch Eegenaarte vu Blëtzer analyséiert. Dat gouf et bis ewell zu Lëtzebuerg nach net. Meteolux huet dat an Zesummenaarbecht mam belsche Blëtzortungsnetzwierk BELLS gemaach an dobäi interessant Faiten entdeckt.