Mir geheien e Bléck hanner d'Kulisse vu Meteolux, dem staatleche Wiederdéngscht. Wéi verleeft en typesche Moien a wat geschitt, wann d'Wieder riskéiert méi ongemittlech ze ginn? De Meteorolog Luca Mathias gëtt dem Paule Rodesch Erklärungen, live aus der Zentral vu Meteolux um Findel.