An der Suite vum Logementsdësch am Februar zejoert hu 5 Lëtzebuerger Banken - nämlech d’Spuerkeess, d’BIL, d’Raiffeisebank, d’Banque de Luxembourg an d’SNCI - ënner dem Impuls vun der ABBL eng Initiativ geholl, déi op den Numm Prolog gedeeft gouf. Dohannert verstoppt sech en Instrument, dat de Promoteuren en Deel vum Risiko bei der Realisatioun vu VEFA-Projete sollt ofhuelen. Prolog gëtt d’Garantie, déi Wunnengen ofzekafen, déi de Promoteur net lassginn ass, wann d’Residenz fäerdeg ass (a gewësse Limitten natierlech an zu engem reduzéierte Präis). Mee no 9 Méint ass nach keen Cent vun den 250 Milliounen Euro, déi Prolog zur Verfügung stinn, ausgi ginn.