Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? Wéi eng historesch Ereegnesser dierfen net an de Vergiess geroden? Zäiten, hei zu Lëtzebuerg, déi bis haut eventuell nach politesch a gesellscha... more
FAQs about Zäithistoriker:How many episodes does Zäithistoriker have?The podcast currently has 172 episodes available.
May 23, 2019Die ewige WiederkehrD'Intrig vu "Game of Thrones" ass voll a ganz vu geschichtlechen Evenementer a vun historescher Literatur inspiréiert. Wéinst sengem enorme Succès, senger globaler Unzéiungskraaft, senge Polemiken ass d'Serie awer och schonn an sech en historesche Phenomen. Se brécht mat den traditionelle jüddesch-chrëschtleche Modeller. Dat ass net nei, geet op d'Renaissance zeréck. Dee Broch war awer nach ni esou radikal an enger amerikanescher Mainstream-Fernsehproduktioun realiséiert ginn....more10minPlay
May 16, 2019Enn vun der NeutralitéitDëst Joer gëtt en historesche Gebuertsdag gefeiert: viru 70 Joer huet Lëtzebuerg den Nord-Atlantik Traité ënnerschriwwen an ass Member vun der NATO ginn. Dat Evenement huet de Laf vun der Lëtzebuerger Geschicht transforméiert. De Status vun entmilitariséierter Neutralitéit, am Londoner Vertrag vun 1867, hat dem Land erlaabt sech ze entfalen. D'Lëtzebuerger haten d'Neutralitéit verënnerlecht a wéi en essentiellen Deel vun hirer Identitéit gesinn....more8minPlay
May 02, 2019FCK LXBD'Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg, aus enger historescher Perspektiv gekuckt, analyséiert den Denis Scuto wéinst dem Prozess géint den Turnup Tun....more12minPlay
April 25, 2019D'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht am Joer 1919War d'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht fir Bierger a Biergerinnen am Joer 1919 eng prinzipiell oder eng Opportunitéitsfro? Déi Fro stellt den Zäithistoriker Jacques Maas e puer Deeg virum Centenaire vun dëser wichteger politescher Decisioun hei zu Lëtzebuerg....more14minPlay
April 18, 2019De Centenaire vun 1939: Eng Feierlechkeet am Zeeche vun der ZäitWéi de Centenaire vun der Onofhängegkeet 1939 gefeiert gouf, war de Kontext duerch politesch Spannungen an Europa an nationalisteschen Tendenze gepräägt. De Centenaire huet net nëmmen d'Gesellschaft mobiliséiert, mee och déi national Iddi an d'Geschicht fir politesch Zwecker inzeenéiert. E Bäitrag vum Fabio Spirinelli....more8minPlay
April 11, 2019Besatzungsmuecht LëtzebuergNom Zweete Weltkrich huet Lëtzebuerg un der militärescher Besatzung vun Däitschland deelgeholl. Seng neigegrënnten Arméi war onerfueren, disparat an huet aus Resistenzler, Deportéierten, Zwangsrekrutéierten a Refractairë bestanen. Vill waren nationalistesch a revanchistesch. D'Relatioune mat der däitscher Zivilbevëlkerung waren dacks exekrabel....more8minPlay
April 04, 2019Metzeschmelz: Eng eemooleg Geschicht gëtt weidergeschriwwenZanter enger Woch schaffen véier international Urbanismusteams an engem kreativen a participative Prozess un engem Masterplang fir d'industriell Friche vun Esch-Schëffleng. Si schreiwen op hir Aart a Weis d'Geschicht vun der Metzeschmelz weider, déi viru bal 150 Joer gegrënnt gouf. Dozou d'Chronik vun den Zäithistoriker Jacques Maas an Denis Scuto:...more13minPlay
March 28, 201916 PORTRAITEN FIR D'GESCHICHTD'lescht Joer ass een vun de wichtegsten an interessantesten Bicher iwwer d'Besatzungszäit publizéiert ginn. " Entre chien et loup " besteet aus enger Serie vu 16 Portraiten di d'Komplexitéit vun enger Period illustréieren di, zwar réigelméisseg ëmgedeit gouf, mee ëmmer am Sënn vun enger heilsamer, moralescher Erzéiung vun de Massen....more8minPlay
March 14, 2019D'Posthum Existenz vum Kinnek JangAm 19. an am 20. Joerhonnert ass d'Figur vum Jang de Blannen zu enger Projektiounsfläch fir konkurréierend, nationalistesch Dreemereie ginn. Datt d'Graf vum Nationalheld op däitschem Gebitt louch, gouf vun de Lëtzebuerger Nationaliste wéi eng Humiliatioun empfonnt. D'Lëtzebuerger Besatzung am Saarland huet, nom Zweete Weltkrich, d'Réckféierung vun den Äschen erlaabt. De Vincent Artuso mat Hannergrënn....more9minPlay
March 07, 2019Déi éischt Sozialwahlen: Réck- an AusbléckVirun 115 Joer goufen déi éischte Kéier Sozialwahlen organiséiert, besser gesot hir Virleefer. Den 11. Juni 1903, vun 9 Auer moies un, ginn déi éischt Wahle fir d'Schiedsgeriichter am Kader vun der Unfallversécherung organiséiert. Gewielt ginn Delegéiert vun den Aarbechter a vun de Patronen. D'Gesetzer vun 1901 an 1902 iwwer d'Kranken- an Unfallversécherung gesinn dës Wahlen vir....more13minPlay
FAQs about Zäithistoriker:How many episodes does Zäithistoriker have?The podcast currently has 172 episodes available.