Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? Wéi eng historesch Ereegnesser dierfen net an de Vergiess geroden? Zäiten, hei zu Lëtzebuerg, déi bis haut eventuell nach politesch a gesellscha... more
FAQs about Zäithistoriker:How many episodes does Zäithistoriker have?The podcast currently has 172 episodes available.
June 21, 2018Mee '58Virun genee 60 Joer ass de Charles De Gaulle erëm un d'Muecht komm an huet e Regime begrënnt, deen a Frankräich nach ëmmer a Kraaft ass. Am Géigesaz zu den Evenementer vu Mee '68 sinn déi vu Mee '58 net gefeiert ginn. Wahrscheinlech well déi Fënneft Republik duerch e Militärputsch entstanen ass. Eng Chronik vum Vincent Artuso....more8minPlay
June 14, 2018Fussball, d'Shoah an de Max GoldHaut geet d'Fussball-Weltmeeschterschaft a Russland un an e Sonndeg gëtt zu Lëtzebuerg en nationaalt Monument ageweit, dat un d'Affer vun der Shoah erënnert. Wat de Fussball mat der Shoah verbënnt, weist den Zäithistoriker Denis Scuto a senger Chronik....more12minPlay
June 07, 2018Kolonial AmnesieIwwer d'Parteien- a Gewerkschaftsgeschicht eraus huet sech an der Lëtzebuerger Historikerzunft kee fonnt, deen dem Jacques Leurs säin impressionante Liewenswee beschriwwen an analyséiert hätt. Et huet missten e Regisseur wéi de Fränz Hausemer kommen, fir ze gesinn, wéi interessant dëst Schicksal war an ze analyséieren, wéi déi zäitgenëssesch Lëtzebuerger Gesellschaft mat deem Personnage ëmgoung. Iwwerleeunge vun der Historikerin Renée Wagener....more10minPlay
May 31, 2018Den éischten Aarbechter an der ChamberDen Jhang Schortgen war den éischten Aarbechter deen an der Chamber gewielt gouf. Den sozialisteschen Députéierten ass spéider während engem Aarbechtsakzident ëmkomm, an dat och nach grad en 1. Mee - den 1. Mee 1918... Dee bal mytheschen Doud soll awer nët täuschen. D'Kraft vum Schortgen senger Figur leit nët just an der Symbolik mee an senger politescher Aktioun....more8minPlay
May 17, 2018Rassismus an DiskriminatiounDen 13. Mee 1888 gouf a Brasilien d'Lei Aurea, op Lëtzebuergesch dat Gëllent Gesetz, ënnerschriwwen - a soumat der Sklaverei um ganzen amerikanesche Kontinent endgülteg en Enn gesat. Reflexiounen zu deem emblemateschen an ëmstriddenen Datum vun der Zäthistorikerin Dominique Santana....more9minPlay
May 03, 2018"On a pris la parole comme on a pris la Bastille"D'Geschichtsbuch vum Arthur Herchen iwwer Lëtzebuerg war mat Ënnerbriechunge bis 1972 am Enseignement Secondaire um Programm. Vun de Siwwenzegerjoren un gouf et awer e grousse Changement: Eng Equipe vun Historiker - Gérard Thill, Paul Margue a Gilbert Trausch - huet eng véierbänneg Geschicht fir de Secondaire ausgeschafft. Net nëmmen inhaltlech, och vun der formaler Opmaachung hir waren déi véier Bänn eng kleng Revolutioun, a si weisen: Mee 68 ass och un der Geschichtswëssenschaft an un hirer pedagogescher Vermëttlung net spurlos laanscht gaangen, mengt d'Zäithistorikerin Renée Wagener....more10minPlay
April 19, 2018Éischte Weltkrich: Remembering the Great War in LuxembourgVun haut un ass se online, ënner ww1.lu: déi digital Ausstellung iwwer Lëtzebuerg an den Éischte Weltkrich, déi am Optrag vum Staatsministère vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History vun der Uni Lëtzebuerg realiséiert gouf. An domat gëtt et ab elo fir de grousse Public suwuel eng dauerhaft Ressource wéi e kritesche Bléck op eng entscheedend Phas an der historescher Entwécklung vun dësem Land. Dozou eng Chronik vum Zäithistoriker Denis Scuto:...more12minPlay
April 05, 2018Post Skriptum zum 8. MäerzAn engem Lieserbréif op der RTL-Homepage zum internationale Fraendag huet de landbekannten Affekot Gaston Vogel verschidden Aussoen gemaacht, déi een eigentlech net onwiddersprach sollt am Raum stoe loossen, mengt d'Zäithistorikerin Renée Wagener....more10minPlay
March 22, 2018"Etre d'ailleurs en temps de guerre"Wéi ëmmer wann een sech d'Méi mécht, amplaz dat ofzeschreiwen, wat zënter Generatiounen vun engem Geschichtsbuch an dat nächst kopéiert gëtt, sech mat de primären Archivquellen auserneenzesetzen, entdeckt ee komplex an oft vergiessen historesch Realitéiten. Dat weist eng Ausstellung iwwer Diddeleng am Eischte Weltkrich. Dozou eng Chronik vum oder besser gesot vun zwee Zäithistoriker....more11minPlay
March 08, 2018Zu enger Hal, déi der Allgemengheet gehéiertAm Regierungsprogramm vun 2013 gouf a puncto Kulturinfrastrukturen ë. a. versprach, datt de Projet vun der Gebléishal zu Belval géif relancéiert ginn. Den Zäithistoriker Denis Scuto erënnert a sengem Réck- an Ausbléck un dëst Verspriechen, dat haut agefuerdert gëtt....more11minPlay
FAQs about Zäithistoriker:How many episodes does Zäithistoriker have?The podcast currently has 172 episodes available.