De Landesuebstbauveräin geheit dem Mouvement Ecologique vir, Onwourechten ze verbreeden: De Mouvement géif behaapten, datt den Ubau an enger Zär mat héijem Waasser- an Energieverbrauch och mat engem héije Pestizidasaz verbonne wier. Dat stëmmt net, äntwert dorop de Mouvement. Mir froen de President vum Landesuebstbauveräin wat seng Vue ass.