17 Stied, 8 Länner, 2000 Kilometer –zanter Enn Abrëll waren 21 serbesch Studentinnen a Studente vun Novi Sad am Norde vu Serbie op engem Ultramarathon ënnerwee fir a Richtung Bréissel. Gëschter Owend sinn si an de belscher Haaptstad ukomm. Mat hirer Aktioun wëllen d’Studenten a Studentinnen op déi aktuell politesch Kris an hirem Land opmierksam maachen. Zanter ronn 6 Méint kënnt et a Serbie ëmmer nees zu Demonstratioune géint politesch Mëssstänn. Op hirem Parcours waren si de leschte Samschdeg och zu Lëtzebuerg op enger Rascht an hunn hei protestéiert. Hiert Ziel: E Gespréich mat Vertrieder vun der EU.