Moiesstudio

Zéro-Mégots: Wéi Diddeleng fräi vun Zigarettestëmp wëllt ginn


Listen Later

Diddeleng wëllt fräi vun Zigarettestëmp ginn an d’Gemeng krut elo dofir Hëllef vu fënnef Schüler:innen aus dem Lycée Nic Biever. Zanter dem leschte September gouf intensiv dru geschafft Fëmmerten op d’Konsequenze vun der Ëmweltverschmotzung duerch déi kleng Zigarettereschter opmierksam ze maachen. Eleng eng eenzeg Zigarett kann nämlech bis zu 1.000 Liter Waasser verschmotzen, heescht et an enger Studie, déi 2014 publizéiert gouf. De klore Message vun der Campagne ass: Zigarettestëmp gehéieren an eng Poubelle an net op de Buedem oder an de Gulli.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7