Hors d’Œuvre

Zoothérapie: Ënnerstëtzung duerch Déieren


Listen Later

Zootherapie, och déieregestëtzt Therapie genannt, gewënnt ëmmer méi u Bedeitung. Gläichzäiteg bleift si fir vill Mënschen nach wéineg bekannt.

An dëser Episod vun Hors d’Œuvre gi mir op Besuch bei d'Association Therapie Équestre (ATE) a schwätze mat den Therapeutinnen Isabel a Sabrina iwwer hir alldeeglech Aarbecht mat Kanner a jonke Leit.Am Mëttelpunkt steet eng Approche, bei där Déiere gezielt an der Therapie agesat ginn. Si kënnen hëllefen, emotional Schwéierkeeten ze begleeden, Selbstvertrauen opzebauen oder motoresch Kompetenzen ze stäerken.Dës Episod weist, wéi wichteg innovativ a mënschezentéiert Approchë sinn, wann et drëms geet, Kanner a jonk Leit an usprochsvollen Situatiounen ze begleeden, a wéi Déieren dozou bäidroe kënnen, Vertrauen, Rou a Perspektiv ze schafen.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Hors d’ŒuvreBy Œuvre Nationale