
Sign up to save your podcasts
Or


Haut hunn ech d'Nathalie am Gespréich an hat zielt seng ganz perséinslech Liewensgeschicht.
Mir schwätzen driwwer wéi d'Kandheet prägt, iwwert Verloschtängsch, Bezeihungen an déif Liewenskrisen. Iwwert de Mut sech selwer ze wielen an sain eegene Wee ze goen. Mir schwätzen iwwert d'Spiritualitéit, d'Bewosstsinn an déi perséinlech Transformatioun.
Du fenns d'Nathalie op Instagram ennert @nathaliepolis. Hat ass Grënnerin vun Iremia, Coaching & Reiki Schoul.
Fill dech inspiréiert.
Décke Kuss.
Dai Bonnie
Haut hunn ech d'Catalina Kirsch bei mir am Podcast an eise Studio befennt sech matten am Bësch. Eng immens heelend an entspanend Kuliss. D'Catalina zielt eis wéi de Bëscht eis zu eis selwer bréngt a wéi mir Stéck vir Stéck méi an d'Verbindung zu eis selwer kommen. Mir schwätzen iwwert d'weiblech Energie, iwwert d'Verbindung zur Gebärmutter a wat alles esou sech verännere kann wa mir ufänken eis ze verbannen.
Zum Schluss mache mir eng schéin Übung zesummen.
Eng Folg iwwert d'Natur, d'Weiblechkeet, d'Präsenz an d'Réckverbannung.
Kuck op Instagram & Facebook beim @catalina.kirsch
Ech wënsche ganz vill Spass beim Nolauschteren.
Décke Kuss
Dai Bonnie
Haut hunn ech d’Nena bei mir am Podcast an hat zielt seng ganz perséinlech Geschicht.
Wéi schnell sech am Liewen alles ka veränneren a naischt méi bleiwt wéi et war.
D’Nena huet ee Schlach hannert sech, huet een Deel vu senger Mémoire verluer an liewt mat da Diagnose Multiple Sklerose.
Mir schwätzen iwwert Angscht, Verloscht, Identitéit an d’Fro: Wie sinn ech eigentlech, wa main alt Liewen esou net méi existéiert?
Mir schwätzen doriwwer wéi d’Nena zréck a seng Kraft fonnt huet a wéi aus allem Neies entstan ass - seng Leidenschaft zum Schreiwen.
Et ass eng Folg iwwert d'Falen, d'Neiorientéieren an doriwer dass et heinsto keen zréck gëtt mee dass een sech ganz nei dierf endecken a kenneléieren.
Ech wënschen esou vill Freed an Inspiratioun bei dësem Gespréich.
Kuck mol beim Nena lanscht op Instagram @nenaalicestewart
Dai Bonnie
Elo ass et u mir mech erem mol AUSzeschwätzen :)
Meng lescht Méint waren herausfuerdernd an ech hu missten Entscheedungen treffen. An dat einfach zackeg a schnell. Net ze lang iwwerleen mee handelen a vir eppes lass goen.
An dëser Episode zielen ech da mol bessi wat sou lass war a wat mengem Liewen Turbulenze bruecht huet.
Ech gi mat dir duech meng Story an wéi ech Entscheedungen treffen an dat och wann aner Sachen ewechfalen oder extrem vill Angscht am Kierper liewt.
Déi wichtegst Froen vir dech:
- Wie well ech sinn?
- Wéi liewen ech Léift?
- Wéiee Liewen well ech liewen?
- Wéieng Werter well ech verkierperen?
- Wat wees ech ganz déif a mir schon esou lang?
- Wa keen géif jugéieren, wéieng Entscheedung géif ech treffen?
Du muss net dee ganze Wee kennen mee deng Energie brauch eng Richtung.
Du bass esou muteg a voll Léift. Ech gleewe fest un dech. Géi lass vir DAI Liewen.
Sou vill Léift vir dech.
Dai Bonnie
An dëser Episode hunn ech d'Sandy Girotto bei mir am Podcast. D'Sandy ass d'Grënnerin vun Naturinstinkt a mir schwätzen iwwert d'Weisheet vum Kierper, iwwert d'Vertrauen, d'Naturverbonnenheet an doriwer wéivill Kraft ensteet wa mir leieren erem op eis selwer ze lauschteren.
Mir tauchen an d'Welt vu Schwangerschaft, Gebuert a Begleedung.
Mir schwätzen iwwert Glawensätz, Hpnose an doriwer wéi Secherheet, Vertrauen an eng douce Begleedung eng Gebuert verännere kennen.
Sou vill Freed beim Lauschteren.
Fann d'Sandy op Instagramm ennert @doula_naturinstinkt
Ganz vill Léift.
Dai Bonnie
Ech hat jo eng kuez Podcastpaus well et a mengem Liewen bessi gestiermt huet. All Stuerm ass vir mech a leed mech a meng hĂ«chste Versioun vu mir selwer. Ech gi gaere voll vir mech lass an Herrausfuerderungen ennerstetzen eis an eis Stärkt ze kommen. Mut ze hunn vir eis lasszegoen a vir lass ze loossen wat eis dorunner hĂ«nnert. Ech deelen an dĂ«ser Episode 7 Tipps dĂ©i mech duech turbulent Zeite brengen.Â
Gleew un dech an erënner dech dass d'Liewen vir dech ass.
Ganz vill Léift vir dech.
Dai Bonnie
From the publisher's feed
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis…
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
 — Däi Bonnie 🌸