D'Uelzecht soll zu Steesel renaturéiert ginn. Dat mam Zil fir d'Gewässerqualitéit an den Héichwaasserschutz ze verbesseren. Virun 3 Joer ass ee gréissere Projet annoncéiert ginn, zesumme mat der Regierung, der Gemeng an der Europäescher Investitiounsbank. Elo ass een éischte klengen Tronçon fäerdeg. Ob a wéini de gesamte Projet kéint ofgeschloss ginn, ass ongewëss. De Moris Garzaro huet sech op der Plaz mat der Steeseler Buergermeeschtesch getraff, fir doriwwer ze schwätzen.