Ceci, Do You Love Me?

#56 LOIVOS - E Bléck an d'Band


Listen Later

Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band Loivos. Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek - dofir schwätze mir an dëser Episode iwwert d'Entwécklung vun der Bandscene zu Lëtzebuerg, wat Challenges hautdesdaags sinn, wat si vum Musekspräis halen a wéi d'Distanz tëschent hinnen si mental trëfft. An dat natierlech alles an engem cozy vibe!


Dir hut Loscht si kucken ze goen? Da schreift iech follgend Datumer op:

30.12.2024 Rocas (Luxembourg)

25.01.2025 La Chouée (Metz)

05.03.2025 MK Bar (Belval)

09.08.2024 Klierf


Ech wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!

Mir gesinn eis nächst Joer mat neien Episode rëm. Maachen awer bësse méi lues mat den Episode well ech net méi wierklech vill Zäit dofir hunn. Hoffen trotzdeem, dass dir weider ralauschtert! Kussi

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Ceci, Do You Love Me?By Cecilia Said Vieira


More shows like Ceci, Do You Love Me?

View all
Paus. by Jill & Yannick

Paus.

0 Listeners