Paus.

Paus.

By Jill & YannickComedy
Download on the App Store

Paus. episodes

  • Dee mat de wedelnden Zerwéiten
    Mir sinn erëm do, wann den Hierscht kënnt – an zwar mat Scholdgefiller a rage bait am Gepäck! 
    Äre Liblingspodcast (alias den hateful ally an de Mann mam Teint um Nippel) diskutéieren haut iwwer Gaytown, memento.lu an (on)impressive Filmer. Et gi frozen margarita faces, Strëppen a rüsteg Rentner, mee och Hochzäits hot takes a lunch ghosting. 
    Wisou googelt een de Bergdoktor? Ass e Cineast einfach just eng Persoun mat schäiss Goût? An ass Schlagsan eng Zooss?
    1 hr 10 min
  • #192 Dee mam Teachermemes
    An der leschter Summerpaus. gëtt et – passend zu der Rentrée – education.lu-core mam Batman vum Lëtzebuerger Léierpersonal: dem Teachermemes. 
    Mir maachen d'Klammer an der Klammer a widmen eis verhalenskreative Kanner, Traumata aus der Schoulzäit, engem ausgeléistenen Alarm an der eegener Vakanze-Bucketlist. Et gëtt zeréckgeruddert, iwwer d'Paie vun den Enseignanten diskutéiert a Liblings-memes beschwat. 
    Mat dobäi sinn d'Carla an de Marco, "Wir sind Helden" a natierlech de Jeremy-Pascal. 
    Mir froen eis ënner anerem: Huet den Teachermemes säi Beruff gär? Wéini ginn eigentlech Fräizäitparken op? A wéi schlëmm gëtt d'Rentrée 6-7?
    1 hr 3 min
  • #191 Dee mam Cat
    Nues zou an Oueren op – an enger olfaktoresch erausfuerderender Kuliss ass d'Catherine Nothum haut an der Summerpaus! Äre Liblingspodcast brennt drop, mat him iwwer seng Erfarung an der ESC-Jury, real life "TikTok"-Kommentarer a Bichertipps aus dem Bookclub ze schwätzen.
    Et gëtt seriöen Hochzäitsgossip, déi Lénksradikal vun Neustadt, Wuessen mat iwwer 30, Fouer-Iessen an e bësse "Meh". 
    Mat dobäi sinn de Jang1985_Lëtzebuerg, de Feierstengstoni an och nees d' Fra vum Séi.
    Mir fuerschen ewéi ëmmer no, ënner anerem zu follgenden Themen: Ass d'Cat schwiereg? Gëtt et deemnächst e neien Throuple? A wéi leeft et mat der abstrakter Molerei?
    1 hr 1 min
  • #190 Dee mam Philippe
    An dëser Summerpaus.-Episod ass de "Monster"-Sommelier an Nr.1-"TikTok"-Hustler Philippe a.k.a. Argent Difficile zu Gaascht. Mir geheien den Hometrainer an d'Waasser, hänken eis un d'Paart a schwätze mat him iwwer dutch memes, de Kreativitéit-Endboss a seng Vue op d'Marie Curie.  
    Donieft geet et och ëm Dram-Sponsorings, onerwaarte Film-Favoritten  a Gossip aus der Gaming-bubble.
    Mat dobäi si Bieren, Otteren a Wëllef an och ugeknabbert Miwwelen, en aunt assault am "Atelier" an d'ënnerschätzt Hobby Frisbee. 
    Investigativ ewéi ëmmer gëtt journalistesch nees alles erausgeholl: Huet d'oppe Schwemm vision? Ass bei engem Veganer eigentlech all Beef fake? A wéi een Instagram life hack gëtt et, fir red flags ze erkennen?
    1 hr 9 min
  • #189 Dee mam Julie
    Am "Pitcher" vun der Stad gëtt et e "Summerpaus."-Get-Together vun ärem Liblingspodcast mam Julie vu "Luxembourg does it best" – wat fir eis direkt hannert dem Beyoncé an dem Guillaume kënnt! 
    Et gëtt net nëmmen iwwer Lëtzebuerger Musik-gems geschwat, "Fann de Portugis" gespillt a Content-Grauzonen diskutéiert, mee mir ginn och illegal an droppen déi bescht Summer Hits (vu K-Pop bis Monrose). 
    Mat dobäi si Reestipps tëscht Süd-Korea an Useldeng, Gebuertsdagszwillingen a Musikstars, déi zu Lëtzebuerg wunnen.
    An och hei gi nees vill Froe gestallt: Léiwer Congé oder Kranksinn? Fir wéi vill Euro gëtt et en Augenaufschlag? A wéi ee Bus fiert eigentlech op Seoul?
    54 min
  • #188 Dee mam Yannick (Nummer Zwee)
    Haut an der "Summerpaus." geet et breetgefächert quer durch den Garten mat enger Instanz, enger Ikon, enger gudder Maus: De Yannick kläert zesumme mat ärem Liblingspodcast net just d'Ierfschaftsreihefolg an analyséiert (méi oder manner) berüümte Wunnengen, mee liwwert och den "hot priest II" a beschwätzt popkulturell Polemiken (en Hënner, e Rack, e Schung).
    Tëscht "Scary Movie"-Enttäuschungen, der "Golden City" an almond moms  bleift nach genuch Zäit, fir iwwer d'Immobilieblos, zukünfteg national Fernseh-Konzepter a Medien-Desensibiliséierung ze schwätzen. 
    Wéi ëmmer kommen natierlech ganz vill Froen op – zum Beispill: Ass en Elektrovelo dat Selwecht ewéi eng Vespa? Wat leeft am September op der Costa Brava? A wat sinn Tapas fir ze lauschteren?
    1 hr 14 min
  • #187 Dee mam Jordi
    Hey hey! An der éischter "Summerpaus." kënnt de Springinsfeld an "Early Bird" Jordi Wagner (méi oder manner) zu Wuert: Dem Yannick säin Jet Set-Reespartner verréit eis, ob et him am Äishockey-Stadion wierklech net kal war, ob hien d'"No Angels" kennt a wien d'Urgestein vum cinematic content zu Lëtzebuerg ass. Ausserdeem gi mir gewuer, wat et mat der "Dubai Sekte" op sech huet, wéi eng Serien seng Favoritte sinn a wéi däitsch ze däitsch ass. 
    Wéi ass et, wann een a méi ewéi enger Sportaart gutt ass? Ass d'Liewen als fräiberuffleche Content-Creator zu Lëtzebuerg e Seegen oder sëtzt een am gëllene Käfeg? A wéi ass d'Liewen als personifizéiert Green Flag? All dat a méi – elo bei Paus.
    1 hr 19 min
  • #186 Dee mam melancholeschen Tennis
    Dës Episod ass fir d'Küken, déi d'Nascht verloossen a fir all d'Lackéierer a Lisas! 
    Mir waren eenzel zesummen op engem Concert, erënneren eis un d'eege Schoulzäit a léien emol net am Noutfall. Et gëtt iwwer "Confessions II" an "Heated Rivalry II", den "Toxic Seventy-one" a pedagogesch (In-)Kompetenz geschwat.
    Haut ginn et och hot priests a sexy Mäerder, de Baby Reindeer-Mann an de Billy Elliott-Bouf esou wéi den eelsten Teenager vun der Welt.
    Och eng jett Froe kommen nees op d'Tapéit: Wéi eng Molerin ass d'Sofia Loren als Hex? Wee sinn d'Reebou-Ritter? Wat ass eng LOCKS CAP? 
    A net ze vergiessen: Tax the Richie Rich!
    1 hr 14 min
  • #185 Dee mat de Stitzercher
    Haut fille mir eis, ewéi wa mir an e Fön eragetrëppelt wären, ruffe "Vive de Guy" a sangen de komplette "Body Talk"-Album – lowkey vision. Ee vun eis kritt vläicht eng Kaz oder gëtt bestuet, deen aneren ass eng Seriefigur aus den 2000er.
    Nieft ale Mediemänner a séisse Marketingmausis geet et haut nach ëm en Exhibitionist am Bësch, Police-Probleemer wéinst de "Francopholies" an ein Orakel namens Carlo. Mat dobäi sinn och Leit an der Vakanz mat Réckblenden, eng Doku fir net-Schwangerer,an déi bescht Serie aus dem 21. Joerhonnert. 
    Ewéi all Kéier bleiwen och nees e puer Froen: Ass d'Sprangpressessioun am Fong "Ces soirées-là"? Gëtt et de Klimawandel vläicht wierklech? An hues du se nach all?
    1 hr 11 min
  • #184 Dee mat de Lëtzebuergays
    Et ass Pride Month an dofir gëtt haut Scheet/d zerwéiert.
    Mir sinn NRW fir iech mat an d'Boot vum Puls der Zeit ze huelen! 
    Et geet haut zwar net em Leni Riefenstahl-Remakes oder "Muriel's Wedding", dofir awer ëm eng Pressekonferenz fir Millennials (Thema: vocal stims), onreguléiert Emotioune bei der Männer-Fussball-WM a MyGuichet.lu-hate. 
    Tëscht Gebuertsdagskaddoen, Generatiounskonflikter a gehumbleden Egos gëtt vill "gelar" an eng "Obsession" mat "Backrooms" beschwat. Mat dobäi sinn och: Tattoos, memories, Schoethe, kongoleesesch Outfits, de Rucolino, de Colman Domingo an eng nei TikTok-Serie.
    Et bleift ze klären: Ass d'Rue am Sonnenënnergang oder an der Hell? Wien sinn d'Ënner Tittel an d'Miss Chievous? A wéi hydratéiert sinn d'Geschlechtsdeeler zu Lëtzebuerg?
    1 hr 58 min

About Paus.

From the publisher's feed

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

More shows like Paus.

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast! by Elena Gruschka & Lars Tönsfeuerborn

Niemand muss ein Promi sein - Der Nr. 1 Gossip-Podcast!

9 Listeners

Gemischtes Hack by Felix Lobrecht & Tommi Schmitt

Gemischtes Hack

91 Listeners

Mordlust by Paulina Krasa & Laura Wohlers

Mordlust

191 Listeners

Erklär&Laach by Baschti, Philippe a Joe

Erklär&Laach

0 Listeners

Happy Hippo by Happy Hippo

Happy Hippo

0 Listeners

MORD AUF EX by Leonie Bartsch & Linn Schütze

MORD AUF EX

122 Listeners

Baywatch Berlin by Klaas Heufer-Umlauf, Thomas Schmitt, Jakob Lundt & Studio Bummens

Baywatch Berlin

76 Listeners

Amerika, wir müssen reden! by NDR Info

Amerika, wir müssen reden!

47 Listeners

DRINNIES by Giulia Becker & Chris Sommer

DRINNIES

37 Listeners

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale by Ehrenwort

Ehrenwort - Ein Podcast über Skandale

9 Listeners

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis by Heiko Behr, Mira Dönges, Acast Creative Studios Germany

Mensch - Geschichten aus dem echten Leben unserer Lieblingspromis

8 Listeners

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood by Spotify & Bill und Tom Kaulitz

Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood

99 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Besser als Sex by Ines Anioli & Leila Lowfire

Besser als Sex

0 Listeners