
Sign up to save your podcasts
Or


FESTIVAL SEASON IS ON!
Et ass rëm waarm dobaussen an de Summer steet virun der Dier. Dat heescht och dass d’Festivalsaison endlech rëm lass geet. Dofir leeën mir an dëser Episode de Fokus op e Festival deen sech vu villen ervirhieft an zwar den Koll & Aktioun.
De fënnt dëst Joer de 6. bis den 8. Juni zu Haut-Maarteleng statt. Zu Gaascht am Studio fir iwwert de Festival ze schwetzen hunn ech de Goerges vum Booking Team an d'Audrey vum Volunteers Team. Mir diskutéieren iwwert verschidden Themen zum Beispill, wisou et hinne wichteg ass, Fraen op der Bün an hannert der Bün méi z'ënnerstëtzen an och wat sou d'Challenges si beim Opbau vun engem Festival. natierlech verroden si eis och wéi eng Acts dëst Joer dobäi sinn a wourop een sech nach alles freeë kann. Lauschtert erann a loosst gären eng Bewertung do! Fir de Recht: Mir gesinn eis um Festival :)
Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band Loivos. Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek - dofir schwätze mir an dëser Episode iwwert d'Entwécklung vun der Bandscene zu Lëtzebuerg, wat Challenges hautdesdaags sinn, wat si vum Musekspräis halen a wéi d'Distanz tëschent hinnen si mental trëfft. An dat natierlech alles an engem cozy vibe!
Dir hut Loscht si kucken ze goen? Da schreift iech follgend Datumer op:
30.12.2024 Rocas (Luxembourg)
25.01.2025 La Chouée (Metz)
05.03.2025 MK Bar (Belval)
09.08.2024 Klierf
Ech wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!
Mir gesinn eis nächst Joer mat neien Episode rëm. Maachen awer bësse méi lues mat den Episode well ech net méi wierklech vill Zäit dofir hunn. Hoffen trotzdeem, dass dir weider ralauschtert! Kussi
Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne.
An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwer d'Roll vun de Fraen, net nëmmen virun, mee och hannert der Kamera. Gëtt eng Regisseurin hautdesdaags genee sou respektéiert wéi hir männlech Kolleegen? Wat huet si an deem Kontext schon alles erlieft? Natierlech schwätze mir och iwwert de Film Marianengraben, e ganz emotionale Film, deen ech jidderengem nëmme ka recommandéieren, am Kino kucken ze goen. Mee passt op, et kéinten e puer Tréine fléissen. Lauschtert erann :)
Villmools Merci geet raus un d'Eileen a natierlech Samsa Film, fir den Austausch an d'erméigleche vun dëser Episode.
Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran.
Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale.
An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-Präventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer net den Haapt Topic iwwert de mir schwätzen - mir thematiséieren, wéi déi verschidde Generatioune mental Gesondheet wouerhuelen.
Et gi vill Klischeeën, datt d'GenZ als "Snowflakes" bezeechent ginn, well si anscheinend ze vill op hir mental Gesondheet oppassen. Op der anerer Säit gëtt gesot, datt d'Baby Boomers sech guer net drëm këmmeren. Mir klären d'Klischeeë ronderëm dëst Thema op a maachen op d'Semaine de la Santé Mentale opmierksam.
Lauschter, oder kuck eran! Wann's du nach Froen un de Fränz hues, da mell dech bei der ligue Santé Mentale op Instagram .
méi Informatioune zu den Events déi vum 7.-20. Oktober stattfannen fënns du op https://www.semainesantementale.lu.
Villmools Merci un d'Ligue Santé Mentale a fir déi wichteg Aarbecht déi si leeschten!
Wéi den Titel et scho verréit, kommen an dëser neier Staffel zwou Welten zesummen! Dës Episode ass u sech näischt anescht wéi ee grousse Sträit tëscht engem Millennial an engem Gen Z. Wanns du nach net wees, wous de dech befënns, kanns de et an dëser Episode erausfannen. Identifizéiers du dech méi mam Jill, da bass de éischter Team Millennial; wanns du dech awer éischter mat mir identifizéiers, da bass de wahrscheinlech ee Gen Z. A wanns de dech mat kengem vun eis identifizéiers, da bass de héchstwarscheinlech ee Boomer. An dat ass och okay. Anywas: Falls du d'Jill nach net kenns, kenns du vläicht seng Stëmm. Hat ass nämlech Co-Host vum Paus Podcast an Host vum Onbekannt Podcast zesumme mam Journal. Hat huet vill z'erzielen! Lauschter eran – et si spannend Themen dobäi!
Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nämlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer.
An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat leeft hannert de Kulissen? Wéi bereet een sech fir eng Live-Show fir?
Wéi kënnt een dozou sou ee Job ze hunn? Gëtt et vill Konkurrenz an op wat muss een alles oppassen? Hues du eng Dramshow? A wat géings du maachen, wann’s du dee Job net häss? Dat a villes méi erzielt iech de Loïc an dëser Episode.
Vill Spaass beim Lauschteren!
Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Familljeministère.
12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. Mäin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn:
- New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist?
- Gemengen: Süden vs. Norden
- Humble bleiwen: Du muss ëmmer wëssen vu wou's de kënns
- Street Credit: "Zu Lëtzebuerg huet keen wierklech Streetcredit, a wann dann war et seng eegen Entscheedung"
- Glaawen: Op Gott, Astrologie, oder de Big Bang, de Glaawen spillt beim Saint Charles eng grouss Roll.
Vill Spaass beim Lauschteren!
Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Familljeministère.
12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu
Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwätzen, well hat bréngt ganz vill mat :)
D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kämpft. De Wee zur Grënnung war an ass nach ëmmer net einfach.
Mir schwätzen awer och iwwert déi capverdianesch Community zu Lëtzebuerg, ob hat et sech kéint virstellen an d'Politik ze goen, wéi schwéier et ass een Team ze féieren an wat, oder ween hat alles brauch fir alles kënne ëmzesetzen, ouni komplett ënner ze goen.
Merci fir d'Laanschtkommen!
Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/
Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go!
(Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.)
Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech?
Hei sinn d'Themen:
- Maale Gars, bass du nach ëmmer sou mal?
- Bereis du dee Kënschtlernumm gewielt ze hunn?
- Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et opzehalen?
- Whataboutism - Wéini huet et bei dir "klick" gemaach?
- Wat ass däin Erfolgsfaktor mat Musek op lëtzebuergesch?
- Teaser an dem Maale Gars säin LESCHTEN Album!
- De Maale Gars mécht Schluss...
Vill Spaass beim Lauschteren! <3
Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/
From the publisher's feed

0 Listeners