Ceci, Do You Love Me?

Ceci, Do You Love Me?

By Cecilia Said VieiraSociety & Culture
Download on the App Store

Ceci, Do You Love Me? episodes

  • #48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem?

    CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem.

    An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass.

    Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond.

    Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen?

    De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!

    39 min
  • #47 CHAiLD - Wéi geet et dir WIERKLECH?

    Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech?

    De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren.

    An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert. 

    Lauschtert eran and stay tuned for more!


     


    35 min
  • #46 DJ DEE - Maach deng Schoul färdeg!

    An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀 

    Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefänken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul fäerdeg gemaach ze hunn, wéi en als DJ iwwert Ronne kënnt a natierlech och wat sou d'Highlighte a senger Carrière waren. Mir schwätzen och driwwer, wat et bedeit ze diskutéieren an Akzeptanz ze weisen.


    Vill Spaass beim Lauschteren a mir gesinn eis nächst Joer! 

    36 min
  • #45 Nuit des Musées ft. Mudam - Coup de Coeur

    De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this. 
    Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.
    Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)
    🎟️WIN WIN WIN🎟️ Dir hutt och’Geleijenheet zwee Tickets fir d’Nuit des Musées ze gewannen! Méi Infoe fannt dir op Instagram @cecidoyoulove.me

    24 min
  • #44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss!

    - De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. -


    An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z!

    🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat?

    🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo?

    🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner?

    🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt?

    🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun?

    🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Doheem un?

    🌿 Wat brauch een alles, wat sinn déi perfekt Konditiounen asw.? 


    Dat an nach vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!


     


    49 min
  • #43 IREM - Female Support an der Musekszeen

    Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff!

    Wouriwwer schwätze mir?

    ➡️ De Schrëtt an de Studio: Wéi entsteet dem Irem seng Musek?

    ➡️ Tëscht ville Männer: Wéi setzt een sech am Astrophysikstudium duerch?

    ➡️ Et feele u weibleche* Rolemodels an der lëtzebuergescher Musekszeen. Wourunner kéint dat leien?

    ➡️ Manner Confidence duerch Akne. Irem: "I feel you! Looss dech net vun Akne Doheem asperren."

    ... a villes méi. Vill Spaass beim Lauschteren!


    *jiddereen den sech als Fra identifizéiert









    31 min
  • #42 Talk mat enger Sexologin: Laura Hendriks - D'Hannergrënn vum sexual Abuse

    An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun.

    Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een Abléck an d’Realitéit vum Abus ginn. D’Laura analyséiert a diskutéiert déi: Wat sinn déi déifgrënneg Ursaache vum Abus?  Wat geschitt am Kapp vum Täter an Affer? Wéi erkennt een potentiell Täteren?

    Ech krut vill Aussoen era geschéckt, mee et géing de Kader sprengen wann ech alles géing an eng Episode dramaachen. Ech hu mech also fir 3 spezifescher entscheet. Villmools Merci fir déi Leit déi oppe waren fir hier Geschichten ze deelen. Dir sidd staark!

    De Bewosstsinn vu Muechtmëssbrauch muss gestäerkt ginn, dofir ass mäin Zil mat dëser Episode d'Präventioun ze fërderen an net "victim blaming" ze bedreiwen. Sou Themen musse méi vun de Medien ugeschwat ginn a sollen op kee Fall rofgeschwat ginn. 

    Du bass Affer vu Gewalt ginn? Hei fënns du all d’Organisatiounen déi dir hëllefen kënnen: https://violence.lu/liste-des-contacts/

    ________________

    Prod. & Edit: Cecilia Said Vieira

    Camera & Sound: Yann Gengler & Shade Cumini @twostepstwicetwo

    Lights: Tierry Cumini

    Location: CID Fraen & Gender 

    Support: Ministère de la culture

    1 hr
  • #41 Jeremy Palluce - New Projects, Nonna & Léift

    An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn!

    De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem Studio, oder Café, mee beim spadséiere am Gronn. D'Ambience ass also aanechters wéi soss :)


    Mir schwätzen ënner aanerem iwwert folgend Themen:

    - Wat ass alles geschitt seitdem mir eis eicht Episode opgeholl hunn?

    - Dem Jeremy seng Nonna erklärt him wat Léift ass

    - Fontana Di Lussemburgo - kënne mir eis iwwerhaapt eppes leechten?

    - Wisou ass dem Jeremy d'ARBED sou wichteg?

    - Generationsdiskussioun: Mir si méi fräi wéi eis Elteren

    - Wisou feiert de Jeremy keng Molerei?

    - LOVE: Wat ass the Key to the perfect Relationship? Mir verrooden ich et!



    Vill Spaass beim Lauschteren a gitt op seng Ausstellung.


    46 min
  • Ceci, Do You VOTE Me? #6 Loris Meyer

    Last but not least: An der leschter Episode vu 'Ceci, Do You Vote Me?' hu mir de Loris Meyer aus der Stad zu Gaascht. Hien erzielt eis wat en an der Stad ännere géing, wisou mir d'EU méi schätze sollen a wisou et sou wichteg ass sech z'engagéieren. Vill Spaass beim Lauschteren a vergiesst net Sonnden, den 11. Mee wielen ze goen. Kuckt iech d'Walprogrammer vun de Lëschten aus ärer Gemeng un, informéiert iech a wielt dat wat dir fir richteg haalt.


    __________________

    Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen.

    D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen.

    Vill Spaass beim Lauschteren!

    Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k


    ---
    Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
    12 min
  • Ceci, Do You VOTE Me? #5 Yannick Iannelli

    'Ceci, do you VOTE me?' - Fir Episode 5 vum Podcast fir d'#Gemengewalen ass de bekannte Content Creator Yannick Iannelli zu Gaascht - deen och zu Déifferdeng Kandidat fir d'Walen ass. Out now!


    __________________

    Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen.

    D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen.

    Vill Spaass beim Lauschteren!

    Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k


    ---
    Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
    12 min

About Ceci, Do You Love Me?

From the publisher's feed

Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft…

More shows like Ceci, Do You Love Me?

Paus. by Jill & Yannick

Paus.

0 Listeners