
Sign up to save your podcasts
Or


Zu Gaascht an dëser Episode ass de jonken an erfollegräiche Cellist Benjamin Kruithof. Mir fänken dëst Episode direkt mat engem aktuellen Thema un: Luxembourg Music Awards. De Benjamin huet de Präis an der Kategorie Nowuesstalent gewonnen a mir schwätze bëssen doriwwer wéi iwwerraschend dat fir hie koum. Ausserdeem kläre mir iwwert d'Klischeeë vun der klassescher Musek op, schwätzen iwwert Tabuthemen an der Branche an och iwwert säi Cello den iwwer 300 Joer al ass. De Benjamin wënscht sech, dass Leit Musek rëm schätze sollen an sech mol dohinner sëtze sollen an d'Musek mat alle Sënner genéisse sollen. Vill Spaass beim Lauschteren!
D’Sarah Bergdoll schafft als General Director bei der Fondation EME. Hat erkläert eis an dëser Episode déi wichteg Aarbecht déi d’Fondatioun leescht an wéi d’Projete bei hinnen ausgesinn. Zum Beispill erzielt hat eis iwwert Museksprojete mat Flüchtlingen, Projeten a Psychiatrien an a Prisongen. Eng Initiativ déi zemools elo an der Chrëschtzäit erausstiecht, ass de “Musek Schenken” Projet, wou d’EME Privatconcerte fir defavoriséiert Leit organiséiert. Een Thema wouriwwer mir och schwätzen ass de Fait, fir eng Fondatioun ze schaffen een ganz vill Satisfactioun am Liewe gëtt. Méi dozou gitt der an dëser Episode gewuer.
Ech wënschen iech all vill Spaass beim Lauschteren a schéi Feierdeeg! Mir héieren eis am Januar!
An dëser Episode schwätzen ech mat der Kënschtlerin Sarah Mandres @sarah_mandres_art iwwert de Prozess an d'Hannergrënn vu senger Konscht 🎨
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Grafikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d'Insights vun der Aarbecht als selbstständeg Graphikdesignerin. Folgend Themen schwätze mir ënner aanerem un:
- Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d'Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Platform?
- Wéi a wou mecht ee richteg Werbung fir sech als Kënschtler:in z'etabléieren?
- Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eenz?
- Wéi een Afloss huet d'Politik op d'Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmzesetzen!
Vill Spaass beim Lauschteren! A vergiesst net fir "Ceci, do You Love me" ze voten an de Podcast Awards :)
Lidder déi an dëser Episode gefeatured gouffen:
10:09 Luk - Traureg Mee Et Geet
21:33 Sixo ft. Irem - Gold
31:58 Turnup Tun ft. Lilou - De Gudden
Zu Gaascht an dëser Episode vu KulturPur ass d'Sandra Biewers vun Inktologie. Hat ass säit 20 Joer Tattooartistin an huet déi ganz Entwécklung vun der lëtzebuergescher Tattoo-Scene matgemaach. Dat heiten ass eng mega informativ Episode, lauschtert onbedéngt era falls dir méi iwwert d'Tattoowelt gewuer wëllt ginn.
Dat heiten sinn d'Themen déi mir an dëser Episode uschwätzen:
➡ Wéi huet d'Tattoowelt zu Lëtzebuerg viru 20 Joer ausgesinn an ginn et grouss Ënnerscheeder zu Haut?
➡ Burnout bei Kënschtler:innen - D'Wichtegkeet "Nee" zu Opträg kënen ze soen.
➡ Gesetzer déi Tattoofaarwen verbidden: Wat ass genau do lass?
➡ Instagram Q&A: D'Sandra beäntwert är Froen!
➡ Medizinesch Tattoos: 🎗Wéi profitéiere Broschtkriibs Patient:innen oder Persounen déi eng Geschlechtsëmwandlung kruten dovun?
Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
33:22 Xavier Rudd - Follow The Sun
45:59 The Doors - People Are Strange
___________
KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.
VIDEOPREMIERE LET'S GO!
An der Episode 4 vu KulturPur hu mir dëst Kéier net just eng Persoun mee souguer zwou zu Gaascht! An zwar den Damien Giudice, den als Kënschtler a Museker ënnerwee ass an ee vun senge beschte Kolleegen den Thomas Roland aka de Rapper Maale Gars.
Mir schwätzen an dëser Episode vill verschidden Themen un: Mir fänken un mat engem Insight aus hirer Frëndschaft, hier gemeinsam Band Epicure, wat no der Band geschitt ass, an wei eng Richtung si sech herno beweegt hunn.
Nei bei dësem Podcast: Zwou Wourechten an eng Liggen aka 2 Truths & eng Fuutz!
Nom Spill ginn mir méi déif an den Damien seng Aarbecht an - hien ass nämlech mat engem Solo Projet (Boy from Home), eng Band (Creatures on Mars) an als Linol- an Drockkënschtler zimmlech busy. Schlussendlech ginn et nach Froen un den Maale Gars, wéi alles enstaanen ass an wéi seng Schüler:innen hien gesinn. Natierlech weisen si dann nach den Objet den sie matbruecht hunn!
Kuckt iech de Video op Spotify (mam neisten Update) oder op Instagram un.
Lidder déi gefeatured sinn:
00:05 Maale Gars - Ëmmer fir Dech Do
00:09 Boy From Home - I Don't Wanna Go Home
00:14 Epicure - At Least You Tried
00:35 Maale Gars - Alles Nei
00:40 Creatures on Mars - Rope
00:54 Luke Sital-Singh - Nothing Stays the Same
Vill Spaass beim Lauschteren!
Zu Gaascht an der drëtter Episode vu KulturPur ass de Bruce Biren aka Brooze. Säit 2019 polariséiert hien d'Rapscene zu Lëtzebuerg, sief et mat senger Musek oder awer och mat sengem Optrëtt an de soziale Medien. Op d'Medien et agestoe wëllen, oder net - hien huet ee groussen Impakt op d'lëtzebuergesch Kultur. Vill Spaass beim Lauschteren!
Theme wouriwwer mir an dëser Episode schwätzen:
Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
13:24 Brooze - Ja an dann
33:21 Brooze - Mat Dear
Folgt dem Brooze op Instagram!
Lauschtert an seng Musék eran.
*De Musek op lëtzebuergesch mécht.
___________
KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.
Zu Gaascht an dëser Episode ass de Patrick Miranda aka @pleasingsome . Mir schwätzen zesummen iwwert d'Wichtegkeet vun engem Alter Ego bei Kënschtler:innen, ob et schwéier ass sech vun dem ze trennen an a wéi fern een, duerch den Impakt vu mentaler Gesondheet, Konscht kreéiere kann.
In New Yooooork, concrete jungle where dreams are made of
Ech hunn d'Liz Breuer zu New York getraff, fir genau ze sinn am Central Park. D'Liz ass no der Première op New York geplënnert fir do Fashion Management ze studéieren. Mëttlerweil huet hat seng eegen Sustainable Marketingagentur gegrënnt a wunnt fest am Big Apple.
Hat erzielt eis an dëser Episode wéi hat sou wäit komm ass, wéi déi verschidde Steps ausgesinn fir iwwerhaapt sou wäit ze kommen, wéi et sech zu New York lieft a wisou hat warscheinlech ni méi vun do fort wäert goen. Säi Wee als CEO ass als jonk Fra natierlech och net den einfachsten, dofir schwätzen mir och iwwert d'Struggles déi an sengem job gängeg sinn.
Vill Spaass beim Lauschteren!
From the publisher's feed

0 Listeners