
Sign up to save your podcasts
Or


- DISCLAIMER -
Déi heiten Episode gouf den 31.01.2022 opgeholl. Mir thematiséieren also NET den aktuelle Russland - Ukraine Konflikt.
D'Matilda huet eng Vergaangenheet hannert sech, mat der just déi wéinegst hei am Land relate kennen. Hat ass 2001 als Flüchtlingskand op Lëtzebuerg komm an huet missen duerch vill extrem Situatioune goen. hat beschreift eis wéi d'Realitéit hannert der Flucht ausgesinn huet a wéi dat ganzt hat bis haut nach gepräägt huet. Et ass interessant ze héiere wéi hat säi Wee fonnt huet mat der Situatioun eens ze ginn. Nierwend dem Thema "Gefiller beaarbechten ze kënnen" schwätze mir och iwwert seng Modelcarrière a wéi d'Welt vum Zeechnen hat ëmmer begleet huet. Vill Spaass beim Lauschteren!
Vill vu menge Kolleegen hunn sech ëmmer gefrot, wisou ech nach keng Episode mam Tun opgeholl hunn. U sech wollte mir scho säit laangem eng Episode ophuelen, mä leider hu mir ni ee richtegt Thema fonnt. Bis lo. Den Tun ass säit 2 Méint net méi op Social Media an dat ass een Thema wouriwwer mir vill an dëser Episode schwätzen. Nierwend dem "Offline" sinn hu mir och doriwwer geschwat, wéi een als Museker Sue verdéngt, wéi ee mat sengen Traumata ëmgeet, wisou Männer méi kräische sollen a schlussendlech verréit iech den Tun d'Geheimnis fir ad'Motivatioun ze fannen Projeten duerchzezéien. Den Tipp huelen ech mir och scho säit laangem zu Häerzen!
Nierwend all dem kënnt dir exklusiv an dëser Episode an zwou unreleased nei Singlen vum Tun ranhéieren! Vill Spaass beim Lauschteren a schreift mir gäre Feedback zu dëser Episode :) Lauschtert a seng Musék erann: https://open.spotify.com/artist/6jaPkL4pNfa4aEDCIEYNP0?si=lwq8-5_rQzCGhRVOAppcFw
Dem Tun säin Tinder Account: https://tinder.com/@turnuptun :D
Den Dirk Kessler ass an der lëtzebuergescher Illustrator Scene scho zimmlech etabléiert. Hien huet scho zesumme mat den Rotondes een augmented Reality Kannerbuch illustréiert an animéiert, zuelräich Comics a Plakater designt a schonn e puer Awards ofgeraumt. Hien set zwar vu sech selwer, dass hien nach kee richtegen Illustrator ass, well hien nach net fäerdeg ass mat sengem Studium, mee ech denken, dass dat engt net vun dem aneren ofhängeg ass. Den Dirk erzielt eis an dëser Episode ënner anerem seng Usiichten zum Thema “Stil fannen” mee awer och erkläert en eis, wat et fir hien bedäit originell ze sinn. Iwwregens huet den Dirk wuel vun all mengen Gäscht den interessantsten Objet matbruecht mat enger schéiner a witzeger Geschicht, loosst iech iwwerraschen! An Avis aux amateurs, mir zwee sichen no engem Steierberoder. Mellt iech gären, well et schéngt sou, als hätte mir net vill Anung dovunner. Vill Spaass beim Lauschteren!
Happy New Year! Wéi fänkt een d'Joer am beschten un? Ma mat enger neier CDYLM Episode natierlech. Dëst Kéier zu Gaascht Angel Cara :)
EP: 26 - Angel Cara - BE REAL
Oft ass et sou, dass Kënschtler sech hannert enger Fassade verstoppen an eng Persona duerstellen, déi si a Wierklechkeet net sinn. Beim Cara gesäit et awer e bëssen aneschters aus. Hat ass REAL. Musek ass fir hat net einfach simpel Musek, mee och ee Wee fir alles ze veraarbechte wat hat erlieft huet. Hat erzielt eis an dëser Episode iwwert seng Kandheet, iwwert d'Modelwelt, mat wéi enge Lëtzebuerger Artisten hat zesumme schaffe well (Spoiler: Shoutout un de MAZ & CHAILD ) an awer och wéi et ass sech al Fra an der Musikscene duerchzesetzen.
Vill Spaass beim Lauschteren!
Lauschtert an seng Musek erann:
https://www.youtube.com/watch?v=-MsmqsLdVco
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d’Debbie Kirsch. D’Debbie ass d’Grënnerin vum sustainable & faire Kleedergeschäft Devi. Mir schwätzen an dëser Episode bei engem wuelverdéngte Glas Crémant iwwert sustainable Entrepreneurship an awer och iwwert d’Problemer déi eisen Lifestyle matsechbréngen. Hat erklärt iech net nëmmen wéi säin ganzt Konzept opgebaut ass, mä och wat een alles brauch fir eng erfolgräich an nohalteg Brand ze grënnen. Vill Spaass beim lauschteren!
Websäit: https://devi-clothing.com/
De Khalid ass een talentéierten Kënschtler, de mat senger Musek d'Geschicht vu senger Kultur a vu sengem Way of Living erzielt. Hien weist sech ongefiltert sou wéi hien ass an erzielt eis an dëser Episode wat en an senger Kandheet duerchmaachen misst, mee awer och wat en zu dem gemaach huet, wat en haut ass. Leider war Mobbing an Diskriminéierung ee groussen Deel vu sengem Alldag. Mee genau dat huet hien als Mënsch gestäerkt: En ass dankbar fir dat wat hien huet, hien bereit näischt an hien versicht ëmmer dat Positiivt am Liewen ze gesinn.
Vill Spaass beim Lauschteren an lauschtert gären an seng Musek eran: https://open.spotify.com/artist/2iYuQedAM3oShovJ0KK1Lo?si=vRGLTngWT-GtI9-vaYlwGg
Folgt him op Instagram: https://www.instagram.com/oke__music/
All Mënsch ass ee Kënschtler!
Wat ass Konscht? Wat ass de Sënn vum Lierwen? Dat si Froen, déi onméiglech sinn, fir ze beäntferen. Trotzdem gouf dat an dëser Episode zum Thema. De Jeremy Palluce beschreift sech selwer als de privilegéierste Mënsch op der Welt. A genau doriwwer, schwätzt hien och a senge Konschtwierker. Als Lëtzebuergesche Kënschtler, den duerch seng Fashion Mark „Palazzo Parano“ bekannt ginn ass, huet hien et an engem ganz jonken Alter schonn hikritt am Mudam ausgestallt ze ginn. An dat, kann net jidderee vun sech behaapten.
An dëser Episode philosophéiere mir iwwert seng Virbiller, wat et bedeit Kënschtler ze sinn a wéi een sech selwer ëmmer rëm kritiséiere muss. Hien beschreift eis och wéi säi Fashion Design Studium zu Basel leeft a wéi en sech seng Zukunft virstellt.
An dëser Stell geet ee grousse Merci un D’Agence de Pub Moskito raus, déi mir ee Studio zur Verfügung gestallt hunn. Ech wënschen iech vill Spaass beim Lauschteren!
Kuckt iech seng Konscht un: https://www.instagram.com/jeremypalluce/
Vill kënnen net ouni Kaffi. Et ass eppes wat bei ville Leit zum Alldag gehéiert an dofir dréint sech an dëser Episode quasi alles ronderëm de Kaffi. De Ken an ech schwätzen an dëser Episode ënner anerem iwwert Social Businesses, wéi ee mat Marketing ee positiven Impakt op d'Gesellschaft kann hunn an natierlech och wéi een gudde Kaffi erkennt.
Wou ech de Mathieu gefrot hunn, als wat hien säin "métier" bezeechne géing, konnt hie mir keng kloer Äntwert ginn, well hien sech selwer net secher ass, wat hien elo schlussendlech ass. Consultant? Humanitären Aktivist? Ee Virbild? Ee Fotograf? Dat si menger Meenung no, d'Beschreiwungen déi seng Aarbecht am beschte beschreiwen.
Humanitär Organisatiounen produzéieren och selwer enorm fill (a super interessant) Dokumenter, zemools Fact-Sheets. Wann een un déi wichtegst Fakten an Nummere well kommen, bzw gesi well wat déi verschidden Agencen maachen soll een op https://reliefweb.int/ goen.
Et kascht €0.70 fir de Welternährungsprogramm vun da UN engem Kand an den äermste Regiounen vun da Welt eng Moolzecht ze erméiglechen. Et kascht dech 1 Klick um Handy fir déi €0.70 mat ShareTheMeal.org ze spenden. 100% vun ärem Don geet un d'Kand, an eng Rëtsch vu Sponsoren iwwerhuelen d’Logistesch an aner Käschten.
Klenge Bonus: all Natiounen vun da Welt hunn 2015 decidéiert d’Sustainable Development Goals zesummen ëmzesetzen. Dat sinn Zieler ewéi zB ‘0 Honger bis d’Joer 2030’ oder de Klimawandel ugoen. Mee wat geschitt do, wat sinn d'Léisungen a Problemer fir d'Welt dohinner ze beweegen? Den SDG Knowledge Hub https://sdg.iisd.org/ huet eng heiansdo dreschen mee wichteg Iwwersiicht wat de Multilaterale System (also all Länner an international Institutiounen) do genau mëscht.
From the publisher's feed

0 Listeners