Ceci, Do You Love Me?

Ceci, Do You Love Me?

By Cecilia Said VieiraSociety & Culture
Download on the App Store

Ceci, Do You Love Me? episodes

  • CECI ASKS: Wéi beaflosst de Klimawandel Lëtzebuerg?

    STAFFEL 2 - Ceci Asks: Wéi beaflosst de Klimawandel Lëtzebuerg?

    Eeeendlech rëm Podcasts! Dat heiten ass déi éischt Episode vun der neier Staffel vun ärem lieblings lëtzebuergesche Podcast Ceci, Do You Love Me?

    Ech wollt déi nei Saison direkt mat enger special Edition Episode ufänken. Ceci Asks: Dir kennt et schonn! Eng Fro - 3 Gäscht - 1 Thema. An deene leschte Méint huet Lëtzebuerg de Klimawandel däitlech ze spiere kritt: Fluten - Lëtzebuerg war enner Waasser. Dat kann dach net sinn! Dach, an et wäert ëmmer méi schlemm ginn, soubal mir näischt dogéint ënnerhuelen. Bref: An dëser Episode schwätzen ech mat 3 Gäscht, déi sech an dem Beräich gutt auskennen, iwwert d'Konsequenze vum Klimawandel zu Letzebuerg. Wéieng Secteure wäerten dovunner betraff sinn, wat kene mir dogéint maachen a wat fir eng Gesetzer solle geännert ginn, fir dass mir Lëtzebuerger eise CO2 Ausstouss pro Kapp verréngere kënnen?

    Ee grousse Merci geet raus u meng Gäscht:

    Selma Weber: Lauschtert an de Klimapodcast vum Selma erann: https://das-buero-fuer-nachhaltigkeit.podigee.io/ https://www.instagram.com/buero_fuer_nachhaltigkeit/ & https://www.instagram.com/selma.isabelle.weber/

    Jessie Thill: https://www.instagram.com/jessiethill/

    Eva Zhan: https://www.instagram.com/zw33va/


    Vergiesst net mir ze folgen :) https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/

    1 hr 4 min
  • #19 Maxime Weber - Tëscht Aktivismus, Bicher & Legosteng.

    De Maxime Weber ass mech zu Berlin besiche komm - Hien hat et amfong net wäit, well en selwer hei zu Kreuzberg wunnt :)

    Mir hunn iwwert vill verschidden Theme geschwat: Enner anerem iwwert Leit déi seng Aarbecht als Aktivist géint Rietsextremismus verurteelen, mais awer och iwwert seng Passioun ronderëm Musek, Videoen a Filmer. Wärend dem Gespréich ass mir opgefall, dass de Maxime een ultimativen Alleskënner ass. Wat kann hien eigentlech net? Hien ass ee Schrëftsteller, hie war schonn a gefillt 20 Bands (Ech hunn opgehale mat zielen!), hie féiert Regie, schreift Theaterstécker AN neierdéngs mëscht en och fir seng nei Aarbecht Podcasts. Doriwwer a vill méi erzielt en iech an dëser Episoden. Vill Spaass beim Lauschteren!


    **SUMMERPAUS** Mir gesinn eis am September rëm! Bis dohi lauschtert gären an déi al Episoden eran. Se sinn all worth it! No der Paus hunn ech eng  Iwwerraschung fir iech 😊 Stay Tuned!

    Maxime Weber Blog: https://www.facebook.com/maximeweberblog
    https://deathwasamistake.bandcamp.com/album/there-are-gardens-in-the-abyss

    49 min
  • #18 Nadine Robert - Z’iwwerliewen ass eng Konscht.

    An dëser Episode hunn ech ee méi aussergewéinlecht Gaascht zu Besuch. D'Nadine Robert ass eng 63 Joer jonk Lëtzebuergerin, wat sech vu ville Leit an hirem Alter ervirhieft. Ech gesinn si als Kämpferin un, well d'Nadine et am Liewen net ëmmer liicht hat. Sie erzielt eis e bëssen iwwert d'Vergaangenheet an och erkläert si eis, wisou si sou grousse Fan vun der jonker Generatioun ass. Obwuel mir ee groussen Altersënnerscheed hunn, hunn mir mega vill Gemeinsamkeeten! Vill Spaass beim Lauschteren! :)

    Folgt him a mir op Instagram:

    https://www.instagram.com/nadinerobert.official/

    https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/

    51 min
  • CECI ASKS - Wéi wäit duerf Musek goen?

    Dat heiten ass déi alleréischt Episode vu menger neier Rubrique: CECI ASKS


    An der Rubrique geet et drëms, dass an enger Episode Leit aus dem selwechte Beräich, déi selwecht Fro gestallt kréien. Dat ganzt gëtt vun engem  Lidd begleet, den an der Folg de roude Fuedem ass. D'Lidd gett jeweils an all CECI ASKS Episode un d'Thema ugepasst. 

    "Wéi wäit duerf Musek goen?" Déi Fro kruten an dëser Episode 8 Leit gestallt. Sinn sie all der selwechter Meenung, oder loossen sech do Ennerscheeder erkennen? Et ass schwéier eng perfekt Äntwert drop ze fannen, dofir lauschtert erann a loosst iech iwwerraschen. 

    Merci un meng Gäscht, déi sech Zäit geholl hunn an dësem Format matzemaachen.

    Roude Fuedem: Danger Dan - Das ist alles von der Kunstfreiheit gedeckt (Live Versioun)

    Ganz vill Léift geet raus un: Koko47, Chaild, John Ragga, Maale Gars, C'est Karma, Turnup Tun, Nicool, Tun Biever


    Lauschtert an hier Konscht erann :) 

    Instagram:

    • @koko47official
    • @iamchaild
    • @ragga.john
    • @maale_gars
    • @c.est.karma
    • @nicoool4life
    • @turnup_tun
    • @tunb @tuysband  
    • 42 min
    • #17 Elisa Meyer - Dramjob Profi Kuschlerin

      Profi Kuschlerin? Jo dir hutt richteg gelies. Dat ass dem Elisa Meyer säi Job. Fir déi déi schonn e bësse méi laang a mäin Podcast ralauschteren, wëssen, dass ech ëmmer op der Sich sinn no Leit déi onkonventionell Jobs hunn. Dat heiten ass wuel den ongewéinlechste Job wouriwwer ech hei jeemools geschwat hunn. Dir hutt vill Froen iwwert dat Thema gestallt an ech hunn der e puer rausgepickt an dem Elisa gestallt. D'Äntwerten hunn mech selwer mega iwwerrascht an elo gesinn ech de ganze Job mat aneren Aen. Vill Spaass beim Lauschteren! :)

      55 min
    • #16 Ivan Leal Martins - Rape Culture zu Lëtzebuerg

      TRIGGERWARNUNG: THEMA VERGEWALTEGUNG & SEXUELL MËSSHANDLUNG ‼️

      Den Ivan Leal Martins huet sech bei mir gemellt, fir seng Geschicht z’erzielen. Hien ass vu sengem Hausdokter sexuell mësshandelt ginn a schwätzt oppen iwwert dat Thema. Vergewaltegungen, sexuell Mësshandlung an alles wat mat dem Thema ze dinn huet duerfen NET mei zu Lëtzebuerg tabuiséiert gi. Zemools well et leider an eisem Rechtssystem laut dem Ivan a villen aneren Opfer eng „Rape Culture“ herrscht. Dat heecht, dass eise Rechtssystem pro Täter ass, wat sou Affären erschwéiert an a ville Fäll net fir Gerechtegkeet gesuergt gett.

      Dat heiten ass gläichzäiteg een Opruff un Affekoten, Polizisten a weider Persounen déi gären oppen iwwert dat Thema schwätzen wëllen fir transparent z'erklären, wéi sou ee Cas vun der aanerer Säit ofleeft a wisou et u Gerechtegkeet feelt. Falls dir ee kennt, da mellt iech gären bei mir.

      Merci @ivanlealmartins, dass de dir Zäit geholl hues deng Geschicht z’erzielen an Initiativ z’ergräife fir dem Thema Opmierksamkeet ze ginn.🙌

      Falls Iech sou eppes geschitt ass an dir doriwwer schwätze wëllt, dann hutt dir hei eng Auswahl u Nummeren, déi dir erreeche kënnt.

      Aide aux victimes d’infractions- Wäisse Rank Tél : +352 40 20 40

      Service d’Aide aux Victimes (S.C.A.S.) Parquet Général du Grand-Duché de Luxembourg Bâtiment Liberty Plaza-Entrée C; 12-18, rue Joseph Junck; L – 1839 Luxembourg Tél : +352 47 58 21 - 628; GSM du service : 621 32 65 95

      www.justice.public.lu Email service: [email protected].

      53 min
    • #15 Jana Degrott - Politik bei den Jonken? D'Jana peeckt aus!

      Uff, wou soll ech ufänken? An dëser Episod schwätzen d'Jana an ech iwwert d'Hannergrënn vu senger Aarbecht. Hat verréit eis, dass a punkto Politik nach ganz vill gemaach muss ginn fir déi Jonk a Minoritéiten besser z'integréieren. A senger Aarbecht muss hat oft mat Ignoranz a Diskriminéierung kloer kommen. A genau dowéinst probéiert ha alles fir eppes dogéint ze maachen a genau aus dem Grond bewonneren ech ech hat sou vill. Ech hoffen, dass dir, nodeems dir des Episode gelauschtert hutt, aneschters iwwert bestëmmte Themen denken wäert!


      Vill Spaass beim Lauschteren! :)

      Folgt dem Jana op Instagram: https://www.instagram.com/janadegrott/

      57 min
    • #14 Philippe Schockweiler - Do der Gesellschaft eppes Guddes!

      An dëser Episode schwätzen ech mam Philippe iwwert verschidde wichteg Themen. Enner anerem Politik, Aktivismus an Inclusioun. Hien huet an all deene Beräicher vill Erfarung kënne sammelen an deelt iech déi mat! Ech konnt ganz vill vum Philippe léieren an ech hoffen, dass et iech och inspiréiert.

      54 min
    • #13 Memes of Luxembourg - D'Philosophie vun de Memes

      Jo dir liest richteg. Memes? Eng ganz Folg nëmmen iwwert Memes? Genau! An dat mam one and only Admin vun der Instagram Säit @memes_of_luxembourg - deen an dëser Episode als „Jempi“ bezeechent gëtt, well hien natierlech anonym wëll bleiwen. Ech verroden dëst Kéier net vill. Loosst iech einfach iwwerraschen!


      Villmools Merci Jempi fir d‘Laanschtkommen :)

      Folgt him op Instagram: https://www.instagram.com/memes_of_luxembourg/
      Folgt mir op Instagram fir Näischt ze verpassen: https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/

      40 min
    • #12 Isaiah Wilson - Wéi gëtt een zu engem interdisziplinäre Kënschtler?

      Den Isaiah (aka Saisai) ass an enger Basketfamill opgewuess, mais hien ass den eenzege vu senge Bridder gewiescht den sech dozou entscheet huet eppes aneres ze maachen an zwar ze danzen: Als éischten huet en mat Urban ugefaangen, dono huet en Ballet gedanzt a schliisslech mëscht hien Danse Contemporaine. Scho säit hie kleng ass, danzt hien op allerlee Bünen zu Lëtzebuerg. Hien huet op der University for Performing Arts at Codarts zu Rotterdam studéiert an erzielt eis et wéi et do war a wéi den Alldag vun engem interdisziplinäre Kënschtler ausgesäit. Hien verréit eis och wéi hien u seng Konscht erugeet a wat et sou besonnesch mëscht. Mais wat heescht iwwerhaapt interdisziplinär a wat mëscht hien dann elo sou besonnesch? Ma dat a vill méi erzielt en iech an dëser Episode.

      Vill Spaass beim Lauschteren :)


      Dem Saisai säin Instagram: https://www.instagram.com/saisaiwilson/

      51 min

    About Ceci, Do You Love Me?

    From the publisher's feed

    Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft…

    More shows like Ceci, Do You Love Me?

    Paus. by Jill & Yannick

    Paus.

    0 Listeners