Ceci, Do You Love Me?

Ceci, Do You Love Me?

By Cecilia Said VieiraSociety & Culture
Download on the App Store

Ceci, Do You Love Me? episodes

  • #36 Raphael Betti - Vu Schoulmeechter op Award-Winning Bartender
    Episode 36: Vu Schoulmeeschter op Award-Winning Bartender 
    Zu dëser Episode soen ech nëmmen: Cheers! Ech hu mech mam Rapahel Betti am Bazaar getraff - déi perfekt Plaatz fir iwwert seng Professioun ze schwätzen. Hien ass nämlech e Full-time Bartender - an zwar ee vun de bäschten aus Lëtzebuerg bzw. aus Benelux.
    Mir beäntferen an dëser Episode ënner aanerem folgend Froen:
    Wisou ass de Raphael vu Schoulmeeschter an d'Gastro gewiesselt?
    Wat ass d'Konzept vun der Event-Reih "Moonshine"?
    Wat ginn et fir aussergewéinlech Bar Konzepter op der Welt - a kéinten déi och zu Lëtzebuerg funktionéieren?
    Wéi gesinn d'Behind The Scenes vun der Barscene zu Lëtzebuerg aus?
    Wisou gi vill Leit an der Scene "ënner"?
    Wat ass d'World Class Bartender Competition a wéi hues du dech do fir d'Final zu Sydney nominéiert?
    Vill Spaass beim Lauschteren!
    Folgt dem Rapahel op Instagram: https://www.instagram.com/betti_rapha/
    ______________________________________
    INFO: Dat heiten ass déi läscht Episode vum Konzept CDYLM!
    46 min
  • #35 Djuna Bernard - Scoutismus, Feminismus a positive Lobbyismus

    Mäi Gaascht an dëser Episode ass d'Vize-Präsidentin vun der Chamber a Partei-Präsidentin vun de Gréngen - Djuna Bernard.

    Ech selwer gesinn d'Djuna als grousst Virbild, net nëmme fir mech, mä och fir vill jonk Lëtzebuerger:innen (zumools fir jonk Fraen!) déi an der Politik aktiv wëlle ginn.

    An dëser Episode schwätze mir iwwert vill verschidden Themen. Ënner anerem iwwert dem Djuna säi Werdegang, wat fir eng wichteg Roll de Scoutismus a sengem Liewe spillt, wisou Lobbyismus net ëmmer schlecht ass a - mäi Liblingsdeel - wéi eng Hürden hat als jonk Fra an der Chamber muss bewältegen, fir genau sou eescht geholl ze gi wéi seng mat-Politiker:innen. Stéchwuert: Feminismus!

    Vill Spaass beim Lauschteren!


    Falls iech meng journalistesch Aarbescht gefällt, kënt dir mech ënnerstetzen andeems dir mäi Patreon Account abonnéiert oder meng Merchandise kaaft. Méi Informatiounen doriwwer fannt dir hei: https://neon.page/cecidoyouloveme 


    52 min
  • #34 Hugeriter - Save the Bees!

    Ech sinn zesumme mam Alex (mäin emotional Support Buddy) bis op Wäiswampech gefuer fir dem Lisa an dem Jemp hire Bongert an Imkerei Hugeriter kucken ze goen. Dat war eng mega schéin Erfarung - kann ech iech och nëmmen empfeelen, falls dir Imker:inne kennt! :) 

    Mir schwätzen iwwert folgend Saachen:

    - Wat brauch een alles fir Imker ze ginn?

    - Wéi kommunizéiere Beien a wéi funktionéeiert hier "Welt"?

    - Wisou si Beien sou wichteg fir eis?

    - Wéi kann een "Fake Hunneg" vu richtegem ënnerscheeden?

    - Wéi ethesch ass et Beien ze halen?

     ... a villes méi! Vill Spaass beim Lauschteren!    


    Support Link a Merch: https://neon.page/cecidoyouloveme

    45 min
  • Mir si Miersch 2022 - Special Festival Episode

    Ech gouf gefrot fir an der éischter Editioun vum Mir si Miersch Festival ee Festival Podcast ze maachen. Vue dass ech zu Miersch opgewuess sinn a mir déi Staadt am Härze läit hunn ech net gezéckt a Jo gesot. 

    An dëser Episode zu Gaascht sinn folgend Persounen (Der Reih no) :

    - Tun Van Beest (Mat Organisateur)

    - Ledé Milestone (Artist https://neon.ly/vE3XK )

    - Marvin Caldarella (Haapt-Organisateur)

    - Art in Motion

    - Damien Giudice vun Mediabox https://www.mediabox.services

    - Scoute vun den LGS Miersch

    - Stayfou (Luka Tonnar, John Wolter, Tun Tonnar https://neon.ly/mQPX1 )

    - The Disliked ( https://neon.ly/mlbPd )

    - Seed To Tree ( https://neon.ly/pyZDo )

    - Le Vibe ( https://neon.ly/pP3X3 )

    - Serge Tonnar ( https://neon.ly/NZBZP )


    Villmoools Merci u jidderen den dobäi war! 

    33 min
  • #33 Lindsay Caldarella - Asexualitéit & Polyamorie
    *VERBESSERUNG* Et ass keen während den Riots gestuewen! Asexualitéit bezeechent d'Absence vu sexueller Unzéiung géigeniwwer anere Leit an och d'feelend Interess u Sex - Dat heiten ass déi méi wëssenschaftlech Definitioun vun Asexualitéit déi och zimmlech iwwerflächlech ass. Well hannert der Orientéierung stécht vill méi wéi just dat. Ech hunn dofir dem Lindsay Caldarella ganz vill Froen iwwert Asexualitéit gestallt.
    Mir schwätzen ënner anerem iwwert folgend Themen: 
    Wéi fënnt e raus, dass een Asexuell ass?
    Muss een sech als Asexuell outen?
    Wéi verleeft eng asexuell Bezéiung?
    Hunn asexuell Leit Sex?
    Wat heescht et an enger polyamoréiser Bezéiung ze sinn?
    Et gëtt e Grond wisou ech dëst Episode haut verëffentlechen an net Sonndes. Haut si mir den 28. Juni an genau an dësem Dag am Joer 1969 huet d'LGTBQ+ Community fir hier Rechter gekämpft. Déi Protester ginn als Stonewall Riots bezeechent. Dank deenen huet d'Lgtbq+ Community haut vill méi Rechter. Vill Spaass beim Lauschteren!
    ___________________________________
    Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht. Ech géing mech mega freën wann dir mech finanziell ënnerstetze kéint:
    https://www.patreon.com/cecidoyouloveme
    Oder kaaft meng Merchandise: https://jado.lu/produkt/your-favourite-ginterview-limited-edition/
    49 min
  • CECI ASKS: Klichéen vun enger veganer Ernährung
    Veganer hu Proteinmangel, iesse just Zalot a mussen ëmmer jidderengem soen, dass sie Veganer sinn. Dat heiten si just dräi vu ville Clichéen mat deene Veganer:inne am Alldag konfrontéiert ginn. Wat viru 10 Joer eppes komplett Alternatives war, ass haut a ville Grousstied zum Normale ginn. Vill Leit - zumools Jonker - entscheeden sech ëmmer méi op eng vegetaresch a suguer vegan Ernährung emzesteigen - wat natierlech gue net mol sou einfach ass. Dofir hunn ech mat 3 Veganer:inne geschwaat déi mir vun hiere liiblingsklichéen erzielt hunn a wisou sie sech vegan ernähren. Vil Spaass beim Lauschteren!
    Grousse Merci un de Raphael Betti, d'Silvie Almeida an d'Nadia vu Vegains Luxembourg!
    37 min
  • #32 Anouk Treff - Wéi lieft ee mat Anorexie?

    Näischt z'iessen, sech z'iwwerginn oder ongesond dënn auszegesinn - Dat sinn déi éischt Saachen déi en sech denkt, wann ee Magersucht héiert. Magersucht steet ëmgangssproochlech fir d'psychosomatesch Krankheet Anorexia Nervosa ënnert der, laut der representativer Studie vun DEGS1, 1,1% vun de Fraen an 0,3% vun de Männer leiden.

    An dëser Episode schwätzen ech mam Anouk Treff, wat duerch d'Krankheet gaangen ass, wéi et dozou komm ass, wéi et säin Ëmfeld betrëfft, wat d'Symptomer dovunner sinn an och wisou et him wichteg ass doriwwer ze schwätzen. D'Episode ass zimmlech "positiv" opgebaut, mee fir déi déi sou Themen net kënnen héieren, sollten dëst Episode skippen.

    ________________

    MERCH: https://jado.lu/produkt/your-favourite-ginterview-limited-edition/


    46 min
  • #31 Andreia Monteiro - Borderline Personality Disorder

    Éischt Episode vun der 3. Staffel: An dëser Episode schwätzen ech mam Andreia Monteiro iwwert eng Krankheet, vun der een oft an den Medien héiert: Borderline Personality Disorder. Wat genau ass déi Krankheet? Wat sinn d'Symptomer, wéi lieft een domad an kann een et heelen? Et ass extrem schwéier mat der Krankheet ëmzegoen dofir ass et dem Andreia wichteg doriwwer ze schwätzen fir Awareness zu Lëtzebuerg ze schafen. Ech hoffen dir kritt mat Hëllef vun dëser Episode een anert Bild op mental Krankheeten. Vill Spaass beim Lauschteren!

    TRIGGERWARNING: Falls iech Themen wéi Doud & mental Krankheet net gutt dinn, dann skippt w.e.g dest Episode.

    _______________________________________ 

    Dir gefält meng redaktionell Aarbecht an du wëlls méi vu CDYLM Podcast héieren? Dann ennerstetz mech op mengem Patreon Account! Du hues do 3 verschidden Optiounen wéi s du mir hëllefen kanns: https://www.patreon.com/cecidoyouloveme

    42 min
  • #30 Jil Devresse - Tëscht Zoufall, Gléck an Talent
    Fir d'Jil Devresse war d'Schauspillerei am Ufank keng Optioun. U sech wollt hat a Richtung Socio, Geschicht oder Philosophie goen. Wéi et schlussendlech awer an der Schauspillerschoul gelant ass, gitt der an dëser Episode gewuer. Hat beschreiwt eis wéi säi Studium gelaf ass, wéi Corona him bei ville Saachen ee Stréch ënnert d'Rechnung gezunn huet, wéi wichteg Connections zu Lëtzebuerg sinn a schlussendlech schwätze mir och iwwert dem Jil Devresse säin éischt Lidd ënnert sengem Kënschtlernumm "Lilou". Vill Spaass beim Lauschteren!
    .
    .
    .
    Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht a vill Energie. Falls dir Loscht an d'Méiglechkeet hutt mech z'ënnerstëtzen, da géing ech mech iwwert e klengen Don freeën. Op dësem Link fannt der méi Infoen doriwwer: ➡️ https://www.patreon.com/cecidoyouloveme
    Dir kritt och natierlech eppes dofir zréck! D'Packages stinn all um Patreon Account. Falls du nach Froen dozou hues, dann zéck net a mell dech bei mir :)
    49 min
  • CECI ASKS: Fraestreik - Wisou bass du haut hei?

    Den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, hunn sech méi wéi 1.500 Mënsche versammelt fir géint Diskriminéierung vu Fraen ze protestéieren. Gefuerdert goufe folgend Punkten:

    • faire Lounausgläich
    • allgemeng Kierzung vun der Aarbechtszäit
    • Congé de paternité vun 3 Méint fir jiddereen
    • automatesch Unerkennung vun der Elternschaft fir homosexuell Koppelen
    • Recht op bezuelbare Wunnraum
    • Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt
    • Pour Info: Dat si genau déi selwecht Fuerderunge wéi virun engem Joer, well sech d'Situatioun nach ëmmer net geännert huet - éischter souguer verschlechtert, well d'Pandemie alles méi schlëmm gemaach huet.


      Villmools Merci un jiddereen den sech Zäit geholl huet an de Mikro ze schwätzen. Vill Spaass beim Lauschteren!


      Grousse Merci un: Karma an de Pit <3

      Musik Credits: C'est Karma https://www.instagram.com/c.est.karma/

      Photo Credits: Pit Reding https://www.instagram.com/rp.p._/

      18 min

    About Ceci, Do You Love Me?

    From the publisher's feed

    Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft…

    More shows like Ceci, Do You Love Me?

    Paus. by Jill & Yannick

    Paus.

    0 Listeners