Ceci, Do You Love Me?

Ceci, Do You Love Me?

By Cecilia Said VieiraSociety & Culture
Download on the App Store

Ceci, Do You Love Me? episodes

  • #11 Versavia Peckels - Poledance matzen op der Première

    An dëser Episode schwätzen d'Versavia an ech iwwert säin Hobby, dem Poledance, a wéi et zu sou Zäiten op der Première leeft. Hat erzielt iech alles wat dir jeemools iwwert Poledancing wësse wollt. Poledancing? ass dat net sou eppes fir Stripper? Nee - scho säit laangem net méi! Dat ass eng unerkannte Sportaart a gëtt zu Lëtzebuerg och an zwou Schoule praktizéiert. Leider gëtt déi Sportaart vu ville Leit nach net richteg "eescht" geholl, well si dat mat de Cabarete verbannen. Mais d'Versavia ass hei fir opzeklären!


    Nierwend dem Poledancing hunn ech d'Geleeënheet benotzt, fir iwwert d'Première ze schwätzen. Wéi geet et de Primaner a wéi ass dat, wann dat coolste Joer engem "wäsch geholl" gëtt?


    Dat a vill méi, gitt der an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren & Shareee ❤

    41 min
  • #10 Jimmi Harvey - Mask Off: Hannert de Kulissen

    De Jimmi huet a senger Lafbunn zimmlech vill erlieft a vill gemaach. Hien huet déi ongewéinlechst Projeten a ville Beräicher gehat a mat ville Leit zesumme geschafft fir seng musikalesch a kënschtleresch Carrière virun ze bréngen. Mais leider huet en oft probéiert eng Persoun ze sinn, déi en net gewiescht ass. Dorënner huet en extrem vill gelidden - Angschtzoustänn a Panikattacken hunn fir hie bei de Musikstournéen zum Alldag gehéiert. Hien erzielt iech an dëser Episode wéi et hannert de Kulisse vun Austinn ausgesinn huet a wéi hien et dozou bruecht huet schlussendlech dat ze fanne woufir hie wierklech brennt. Hien ass, trotz allem, frou dass en déi ganz Erfarung gemaach huet an draus geléiert huet. 

    Lauschtert a seng nei Musik eran: https://open.spotify.com/artist/22yhPUVvQAGOJfhhmTZ8fe?si=1x698so6Q9u2eTrhaDYssg

    Folgt dem Jimmi op Instagram fir Näischt ze verpassen: https://www.instagram.com/jimmiharvey/ 

    @cecidoyoulove.me

    51 min
  • #9 Melanie Oliveira - Vegan Ernärung, Bodybuilding & Beauty Standards

    Mäin Gaascht an dëser Episode ass d'Melanie Oliveira. Hat huet als Jugendlecht vill mat sengem Kierper gestruggelt, wat vill jonk Meedercher a Jongen novollzéien kënne.  Ech hat selwer als Kand vill Zweiwel u mengem Kierper well ech ëmmer sou ausgesinn wollt wéi d'Models an den Werbunge. Mais doriwwer hinaus schwätzen d'Melanie an ech iwwert vegan Ernärung a Fitness. Kann een als Veganerin, einfach Muskelen opbauen? D'Entfert ass: jo! Méi doriwwer gid dir an dëser Episode gewuer. 

    Vill Spaass beim Lauschteren!

    PS: Detox ass Bullshit! :D


    Followed dem Melanie op Instagram: https://www.instagram.com/findyourbalanceeee/

    50 min
  • #8 TUYS - Tëscht Harmonie, Topegkeet an Pickled Onions

    An dëser Episode war ech bei den Band Memberen vun Tuys zu Besuch. Den Tun, Yan a Sam wunnen nämlech säit e puer Méint an enger WG zu Kreuzberg (net ze verwiesselen mam Kräizbierg zu Diddléng). Sie erzielen wéi et ass säit jonkem Alter an enger Band ze sinn an wéi sech dat alles zesummen entwéckelt huet. Zemools wann et dorëms geet zesummen Konflikter ze léisen, hunn si hier eegen Aart a Weis fonnt fir domadder ëmzegoen. Nierwend dem Band Alldag schwätzen mir enner aanerem och doriwwer wéi een et hikritt als Museker ze liewen an wéi hier nei Videoen eng perfekt Mëschung aus Deepness an Topegkeet sinn.

    An mäin perséinlechen Highlight: an dëser Episod gëtt den Geheimnis gelëft woufir Tuys wierklech steet. Sou obvious ass et nämlech net. 

    An do war nach eppes mat enger Verschwörungstheorie... Anscheinend huet Tuys Corona viraus gesinn. Häh? Ma dat a vill méi gitt der an dëser Episode gewuer! Vill Spaass beim Lauschteren!


    Instagram TUYS: https://www.instagram.com/tuysband/

    Youtube TUYS: https://www.youtube.com/channel/UCrI876wnVkxXOqfCORdvUvQ
    Instagram CECI: https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/

    1 hr 1 min
  • #7 Criss Steichen - Ouni Passioun geet guer näischt!

    Eng Bubble an der ech guer net dra sinn, ass der vun der Autoswelt. Zu Lëtzebuerg spillen Autoen eng grouss Roll an doduerch sinn och grouss Communities em dat Thema entstanen. Eng vun deenen huet sech de Criss Steichen ganz vu selwen opgebaut. Ech muss éierlech zouginn, dass ech am Ufank Angscht hat, dass ech bei dem Thema net vill matschwätze kéint, mais et huet sech rausgestallt, dass mir vill Gemeinsamkeeten hunn, wann et em de Mindset geet.

    De Criss Steichen huet seng eege Fashion Brand Misfitted fir seng Community gegrënnt. En huet kleng ugefaangen a mëttlerweil verschéckt e seng Produite weltwäit. Hien beweist mat senger Aarbecht, dass soubals de fir eppes brenns a Passioun dohannert stécht, da kriss du et och hin. Mais dat wichtegst ass, dass du dobäi bleiwe muss! Hien erkläert, wéi en virgaangen ass, wéi hien et hikritt Frënn, Aarbecht an Hobby ënnert engem Hutt ze kréien an hien erkläert eis, wisou Suen net dat Allerwichtegst op der Welt sinn. Vill Spaß beim Lauschteren!

    39 min
  • #6 Amii Watson - Wéi fënnt ee raus wat ee wierklech well?

    D’Amii an ech hunn schonn als Kanner an der Sandkëscht zesumme gespillt. Et ass spannend ze gesinn, wat no sou laanger Zäit aus eis ginn ass a wéi mir zwee eis entwéckelt hunn.

    De roude Fuedem den sech duerch d’Episod zitt kann een an engem Wuert beschreiwen an zwar: „Ausprobéieren!“ Dem Amii seng Lafbunn huet extrem vill Héichten an Déiften an ass eng grouss Mëschung vu familiärer Pressure a Beaflossung vum Emfeld. Trotz allem huet hat elo seng Passioun fonnt an dat ass d‘Musik an d’Opleeën. Wéi ass et iwwerhaapt als weiblechen DJ täteg ze sinn a wéi grouss mussen Ambitioune sinn fir ëmmer um Ball ze bleiwen? Dat an nach vill méi, gitt dir an dëser Episode gewuer!

    Vill Spaass beim Lauschteren.


    Folgt mir op Instagram fir näischt ze verpassen: https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/

    Folgt dem Amii Watson: https://www.instagram.com/iamtzunamy/

    55 min
  • #5 YAYA - Courage weisen an enger onfairer Welt

    An deser Episode schwätzen ech mam Yannick Schumacher iwwert ganz wichteg, mais och iwwert onwichteg an trotzdem interessant Themen. Wéi war dem Yannick seng schoulesch Laafbun, wat mecht heen elo, wéi huet heen Homophobie zu Letzebuerg erlierwt an wat ass seng Influencer Erfahrung. Nierwend denen Saachen erzielt en eis och, wéi heen et hikritt a enger onfairer Welt staark ze bleiwen an emmer no fir ze kucken. Dat an nach vill méi gid dir an deser Episode gewuer. Ech hoffen et gefällt iech! 

    PS: Ech misst während dem Interview sou oft laachen, dass den Tun (den meng Episoden schneid) vill vun mengem Gelaachs wäschschneiden misst, sorry dofir :)


    Folgt mir op Instagram fir näischt ze verpassen! https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/
    Dem Yannick säi Podcast: https://open.spotify.com/show/0VPhUihXbohJNgdxrN6nlv
    Yannick op Instagram: https://www.instagram.com/yayavanchique/


    52 min
  • #4 Eugénie Anselin - D'Schauspillerwelt & ee Leopardenslip

    Vum Clownenstage, Basketssterrain an Turnhal bis op d'Bühn a virun der Kamera! Dat beschreiwt ongeféier dem Eugénie Anselin seng Laafbunn.

    An deser Episode, schwätzen ech mat him doriwwer, wéi een dozou kent als Letzebuergerin an der Schauspillerwelt eecht geholl ze ginn. Säit Bad Banks hunn letzebuergesch Schauspiller endlech un Unerkennung gewonnen. Mais wat heecht dat iwwerhaapt an kann een als Schauspiller*in zu Letzebuerg lierwen oder wärt een emmer vum Ausland ofhängeg sinn? Ausserdeem gid dir hei Insights gewuer, déi een normalerweis net kennt, wann een sech net grad an der Schauspiller Bubble befent.

    An wat zum Däiwel huet ee Leopardenslip mat Schauspillerei ze dinn? Ma dat erklärt iech d'Eugénie an deser Episode. Vill Spaass!


    Folgt mir op Instagram fir näischt ze verpassen: https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/

    55 min
  • #3 Christophe Bleser - Den Impakt vu Famill & Gesellschaft

    Jidderee spillt eng Roll an der Gesellschaft an oft geschitt et, dass Leit eng Roll iwwerhuele mussen, déi net wierklech bei si passt. Mir jonk Lëtzebuerger sinn extrem privilegéiert am Verglach zu aner Länner. Mir hunn bei der Auswiel vun eiser Roll ee Choix. An dat ass och villäicht de Grond, wisou mir et sou schwéier hunn eis fir de richtege Wee z'entscheeden.

    De Christophe an ech diskutéieren an dëser Episode doriwwer, wéi et sech ufillt, net ze wëssen, wat een no der Première maache soll an och wat ee genau maache kann, fir eng Äntwert zu der Entscheedung ze fannen. Ausserdeem thematiséiere mir, wéi eng Roll d'Famill an d'Gesellschaft dobäi spillen a wéi fern béid eis Entscheedunge beaflossen.


    Dem Christophe säi Youtube Channel: https://www.youtube.com/channel/UC6O8M4Z9rfDkG21U1QI5rrg

    Followt mir op Instagram fir näischt ze verpassen a fir matzediskutéieren! https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/

    56 min
  • #2 Laure Cales - #Girlboss vun Pilea

    #FastFashion #Motivatioun #SocialResponsibility #secondhand


    An dëser Folg erzielt eis d'Laure wéi hat dozou komm ass säin eegenen Second Hand Shop an der Stad opzemaachen. D'Entscheedung an den Wee bis dohin waren nämlech guer net sou einfach. Ausserdeem kläert hat eis iwwert d'Thema "Fast Fashion" op an schwätzt iwwert seng Erfarung an enger Naturschutzorganisatioun. Dat alles an wat hat iech op den Wee kann matginn, gitt der an dëser Folg gewuer.

    Wann dir an dem Laure seng Bubble eraluussen wëllt, dann lauschtert ran! :)

    51 min

About Ceci, Do You Love Me?

From the publisher's feed

Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft…

More shows like Ceci, Do You Love Me?

Paus. by Jill & Yannick

Paus.

0 Listeners