Ausgerechent Politik - 2 Schwësteren. 2 Mandater. Een ongewéinlechen Wee.

Ausgerechent Politik - 2 Schwësteren. 2 Mandater. Een ongewéinlechen Wee.

By Françoise Kemp a Martine KempSociety & CultureNewsPolitics
Download on the App Store

Ausgerechent Politik - 2 Schwësteren. 2 Mandater. Een ongewéinlechen Wee. episodes

  • Tëscht Süden a Sécherheet
    An dëser Episod kucke mir zeréck op eng intensiv politesch Woch:
    Mir schwätzen iwwer de CSV-Kongress am Süden an déi nei Presidentin. Mir erklären, wat hannert den Trilogen zu de Schutzmoossnamen am Stol stécht a firwat dës relevant sinn. An zum Schluss gi mir op déi aktuell Entwécklungen am Krich an der Ukrain an d’europäesch Sécherheetspolitik an.
    Eng Episod tëscht Parteiarbecht, Industriepolitik a Geopolitik.
    27 min
  • Aarmut am Fokus - Plénière zu Lëtzebuerg a Stroossbuerg
    An dëser Episod kucke mir zeréck op d’Plénièreswoch – zu Lëtzebuerg an zu Stroossbuerg. Mir schwätzen iwwer déi wichtegst Debatten an Decisiounen a setzen e besonnesche Fokus op d’Anti-Aarmutsstrategie: Wat heescht se konkret? Wat ass decidéiert ginn? A wou leien d’politesch Erausfuerderungen?
    E Réckbléck tëscht nationaler a europäescher Perspektiv – mat Ablécker aus dem parlamentareschen Alldag.
    27 min
  • Unisex-Toiletten. Burger. Politik.
    Unisex-Toiletten zu Lëtzebuerg, Burger-Debatten op EU-Niveau – zwee ganz ënnerschiddlech Themen, déi awer eng ähnlech Dynamik hunn.
    An dëser Episod schwätze mir doriwwer, firwat kleng, konkret Alldagsthemen op eemol zu grousse politeschen Debatte ginn, wéi Social Media a Symboler Diskussioune kippe loossen – a wat Politik dovunner léiere kann.
    Eng Episod iwwer Kommunikatioun, Emotiounen an d’Grenze vun der Politik – national wéi europäesch.
    26 min
  • Vum Text bis Vott: Chamber versus EU-Parlament
    Wat geschitt eigentlech tëscht engem éischten Text an engem Vott?
    An dëser Episod huele mir iech mat an de politeschen Alldag – vun der éischter Iddi bis zur finaler Decisioun. Mir schwätzen iwwert projet a proposition de loi, d’Aarbecht an de Kommissiounen an d’Roll vum Rapporteur: wien Texter zesummebréngt, Kompromësser sicht a Verantwortung iwwerhëlt.
    Mir vergläichen d’national Aarbecht an der Chamber mat de Prozesser am EU-Parlament a weisen unhand vu konkrete Beispiller, firwat Politik dacks méi Zäit, Gespréicher a Gedold brauch, wéi een no bausse gesäit.
    Eng Episod fir jiddereen, dee verstoe wëll, wéi Gesetzer Form unhuelen – an net just, wéi se ofgestëmmt ginn.
    36 min
  • Mercosur & Social Media
    An dëser Episod schwätze mir iwwert den EU-Mercosur Handelsofkommes: firwat et aktuell esou vill Debatt ausléist a wat et fir europäesch a lëtzebuergesch Betriber bedeite kann.
    Am zweeten Deel geet et ëm eng ganz aner, mee genee esou kontrovers Fro: Soll Social Media verbuede ginn? Fir wien, firwat – a bréngt e Verbuet wierklech eng Léisung? Mir diskutéieren d’Argumenter, d’Risiken an d’politesch Verantwortung an enger digitaler Welt.
    Eng Episod tëscht Welthandel a gesellschaftlecher Debatt – mat Abléck, Kontext a klorer Haltung.
    34 min
  • KI, Algorithmen & Reegelen
    Wat ass KI eigentlech – a wéini gëtt et op eemol fir Politik relevant?
    An dëser Episod schwätze mir iwwert Algorithmen, Donnéeën a Kënschtlech Intelligenz – net theoretesch, mee unhand vu Beispiller aus dem Alldag. Vu Plattformaarbecht iwwer Online-Plattforme bis bei automatiséiert Entscheedungen, déi beaflossen, wat mir gesinn, wat mir kréien – oder net.
    Mir erkläre, firwat d’EU mat Reegelen ewéi dem Digital Services Act (DSA) an dem AI Act agegraff huet, wat dës Gesetzer konkret änneren a wou se scho Wierkung weisen – mee och, wou nach Loft no uewen ass.
    34 min
  • Ausgerechent Politik mam Françoise a Martine
    Episode 1: Eng éischt Intro
    An dësem Podcast schwätze mir iwwert politesch Themen, Decisiounen an den Alldag hannert de Kulissen – éierlech, verständlech an ouni Floskelen. Mir erklären, wat Politik am richtege Liewe bedeit, wou se komplizéiert ass, wou se iwwerrascht a wou se ganz normal gëtt.
    Et geet net ëm Parteiparolen, mee ëm Perspektiven: Wéi fillt et sech un, Verantwortung ze droen? Wat leeft anescht, wéi een et vu bausse mengt? A wéi bleift een als Schwëster – an als Mënsch – bei sech selwer?
    Ausgerechent Politik riicht sech u jiddereen, dee Politik besser verstoe wëll – och (oder grad) dann, wann een sech soss net vill domat beschäftegt.
    An et soll och eng Méiglechkeet sinn, wou dir är Froen direkt kënnt stellen.
    30 min

About Ausgerechent Politik - 2 Schwësteren. 2 Mandater. Een ongewéinlechen Wee.

From the publisher's feed

Ee Podcast iwwer Politik, wéi se wierklech ass - no, éierlech an ouni eidel Floskelen.