Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • De Cupra Tavascan am Automag-Test, 16/12/2024
    An eisem Automag vun haut, stelle mir iech de Cupra Tavascan VZ vir. Dat ass een SUV vun der nach relativ jonker Mark. De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun ass den Tavascan gefuer. Et huet e bësse gedauert, bis du den Auto ënnert d´Rieder krus.
    3 min
  • Automag: Alpine A 290, 05/12/2024
    Ier en iwwerhaapt op eise Stroosse fiert, erlieft de Revival vum Renault 5 schonn eng enorm Zoustëmmung beim Public. Vun dëser Well wëll d’sportlech Sous-Marque Alpine natierlech och profitéieren a lancéiert knapp nom neie Cinq hir Interpretatioun mam Numm Alpine A 290. De Paul Origer ass de franséischen Elektro Hot Hatch zu Mallorca gefuer.
    3 min
  • Automag: Ford Explorer, 28/11/2024
    Mam Explorer lancéiert Ford hiren zweeten, rengrassegen Elektroauto a verfollegt domat weider hir Strategie, d’Gamm un BEV, also Batterie-Elektreschen Autoen ze vergréisseren. Wéi sech den Explorer am Alldag schléit, dat huet de Paul Origer fir eis erausfonnt.
    3 min
  • Automag: Mazda CX-80, 21/11/2024
    Am Automag vun haut steet mam Mazda CX-80 en SUV mat Plaz fir déi ganz Famill am Mëttelpunkt. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech de 7-Sëtzer fir eis am Detail ugekuckt.  
    3 min
  • Automag: Mini Cooper SE, 18/11/2024
    2024 war e wichtegt Joer fir Mini, schliisslech gouf dee fonkelneien 3-dieregen Hatchback lancéiert. Nieft den normale Verbrennerversiounen gëtt et de Mini awer och nees elektresch, esouguer an zwou Ausféierungen. De Paul Origer hat d’Topversioun Cooper SE am Alldagstest.
    3 min
  • Automag: Cupra Terramar Fuertest, 14/11/2024
    Am September duerfte mer e just kucken, am Oktober war et dunn esouwäit a Cupra huet op de Fuertest vum neien Terramar agelueden. Wéi een Androck de spuenesche Brudder vum VW Tiguan mécht, dat huet de Paul Origer fir eis op de Stroossen an a ronderëm Barcelona erausfonnt.
    3 min
  • Automag: Test Audi RS3 an RS Q8 Performance, 11/11/2024
    An eisem Automag vun haut si vill Päerd am Spill. Nämlech am Ganzen 1.040 PS. Wann ech soen am Ganzen, da schwätze mer an den nächste Minutten iwwer zwee Autoen. Engersäits den Audi RS 3 an anersäits den Audi RS Q8 Performance, De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun ass elo bei mir, Rich mat wat fir engem Modell fänks du gären un?
    4 min
  • Hyundai Ioniq 5N versus Corvette C8, 07/11/2024
    Zwee ganz ënnerschdilech Sportsween sti sech haut am Automag géintiwwer.De 100 % elektreschen Hyundai Ioniq 5N aus Korea, an de klassesche Verbrenner aus Amerika, d' Corvette C8
    Komplett verschidden, an awer e puer Saachen "en commun"? De Christian Schmit souz hannert dem Volant vun deen zwee an huet et erausfonnt.
    3 min