Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Mercedes AMG CLE 53, 26/09/2024
    Autoe mat enger Coupé Linn hu sech an tescht rar gemaach, mee et gëtt si nach. Bei Mercedes beispillsweis mam CLE. AMG – dräi Bustawen déi weltwäit fir automobil Héichleeschtung, Exclusivitéit an dynamesche Fuerspaass stinn. Zu Affalterbach bei AMG, do ginn déi Mercedes Modeller nach eng Kéier nogeschärft.
    A genee esou en AMG, den CLE 53 dee war elo an der Automag Redaktioun ukomm. A wien huet dierfen testen? Déi Kéier de Christian Schmit.  
    3 min
  • Automag: E-Auto X Peng P7 aus China, 16/09/2024
    Stellt iech vir dir kommt mam engem Auto heem, wou de Noper mol net weess, datt et esou eng Mark iwwerhaapt gëtt. Esou kann et iech ergoen, wann der wéi de Christian Schmit mat engem X Peng heem kommt. Déi Mark kënnt aus China, an hie war mam Modell P7 hei zu Lëtzebuerg ënnerwee. 
    1 min
  • Automag: Steeda Q767, 12/09/2024
    Hutt dir Bensinn am Blutt awer nach ni eppes vun der Mark Steeda héieren? Da bleift elo drun, vum Paul Origer gi mer gewuer wat hannendru stécht – hien duerft deen neie Q767 op Häerz an Nieren testen.
    4 min
  • Automag: Cupra Terramar, 09/09/2024
    6 Joer ass et elo schonn hier, datt Cupra als eege Mark lancéiert gouf – zënterdeem geet et mam Succès nach just an eng Richtung: no uewen. Den neien Terramar, souzesoen den Tiguan vu Cupra, wäert do sécher nach emol fir e Schub suergen. De Paul Origer war fir eis bei der Weltpremière zu Barcelona derbäi.
    4 min
  • Evolutioun vun eise Pneuen a wat déi sou leeschte mussen, 05/09/2024
    Wat d’Pneuen op eisen Autoen alles esou leeschten an aushale mussen, nei Defien déi d' Elektro Mobilitéit mat séch bréngt, an Thema Nohaltegkeet, alles dat interesséiert eis haut am Automag.
    De Christian Schmit huet ech um Bord vun enger Auto Presentatioun mat engem Responsabelen fir dynamesch Tester aus der Pneue Branche konnten ënnerhalen.
    4 min
  • Automag: VW California, 02/09/2024
    Net nëmmen zenter Corona genéisse Campervans e grousse Succès, bei VW ass de California, d’Campingversioun vum Multivan schonn zënter Generatiounen héich am Cours. Elo start den neie Modell op der Basis vum T 7.1 an de Paul Origer duerft deen neie California ënner héchst realistesche Konditiounen a Slowenien a Kroatien testen.
    4 min
  • Automag: Mini Cooper S, 26/08/2024
    Am Automag kucke mer eis haut den neie Mini un. An zwar net iergendeen, mee de Cooper S. Et gëtt deemno méi sportlech. A fir eis war den Akim Schmit aus der Automag Ekipp domat ënnerwee.
    3 min
  • Automag - Porsche 718 Spyder RS, 19/08/2024
    Dacks gëtt jo behaapt, d’Autosmarke produzéiere just nach Eenheetsbräi, an et kann ee se scho bal net méi vun eneen ënnerscheeden. Dass, dat awer net fir all Mark gëllt, weess den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun ze berichten, well hie war mat engem ganz besonnesche Gefier ënnerwee.
    5 min
  • Automag: VW Tiguan Alldagstest, 15/08/2024
    Ee vun de wichtegste Modeller fir VW ass laang net méi de Golf mee schonn eng gutt Zäit den Tiguan. Den zweetgréissten SUV nom Touareg start elo an déi drëtt Generatioun an déi ass mat allem vollgepak, wat et vun neisten Technologie gëtt. Wéi sech den neien Tiguan am Alldag verhalen huet, dat seet eis elo de Paul Origer.
    5 min