Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: Suzuki Swift, 29/04/2024
    En ass kleng, bezuelbar, et ass zur Ofwiesslung mol keen SUV an e fiert nach mat Bensinn: am Automag vun haut stelle mer iech den neie Suzuki Swift vir. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp war fir eis op der Präsentatioun mat dobäi.
    3 min
  • Opel Grandland, 25/04/2024
    Haut am Automag eng Avant Première. Dat mam Opel Grandland vun der zweeter Generatioun. Een aus der Kategorie SUV. Dat bleift esou, mee soss ass et dach e komplett neie Modell.Fir eis war de Christian Schmit dobäi wéi de Voile eng éischte Kéier gelëft gouf.Salut Christian. 
    3 min
  • Automag: Porsche Taycan, 22/04/2024
    Mir erënneren eis zeréck; iwwer 4 Joer ass et hier, datt Porsche mat hirem éischten Elektrosportler eng Revolutioun lancéiert hunn. Deemools goufen all méiglech Regëster gezu fir um absolut neiste Stand vu Leeschtung an Technik ze sinn – an awer war den Taycan elo zeideg fir e Facelift. Wat alles geännert gouf, huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Sevilla erausfonnt.
    5 min
  • Test Hyundai Kona EV, 18/04/2024
    Zanter 2017 gëtt et an der Gamme vun Hyundai, de Kona. Relativ fréi hat de koreanesche Konstrukteur, nieft de reng thermesche Motoren och eng Hybrid- an och eng Elektroversioun, a sengem Portfolio. Am Automag vun haut schwätze mir iwwer deen neien Kona dee reng elektresch ënnerwee ass. De Rich Simon huet den Auto getest. Rich de Kona am elektreschen ass schonns een alen Hues...
    4 min
  • Automag: Neies bei Astara, 11/04/2024
    Kennt dir Astara? Nee, nach ni héieren? Ma si këmmeren sech drëms, dat Marke wéi z.B. Hyundai, Suzuki oder KGM, fréier SsangYong, hire Wee op Lëtzebuerg fannen. Hire Portfolio hu si a kuerzer Zäit enorm vergréissert an eng Partie vun hiren neie Modeller de Lëtzebuerger Journalisten zu Girsterklaus virgestallt. De Paul Origer war fir eis an den Osten gereest.
    5 min
  • Mercedes Van´s, 01/04/2024
    Am Automag stelle mir iech an der Reegel "normal" Autoen vir. Haut ass et awer eng Nummer driwwer, jiddwerfalls wat d´Plazen ugeet. De Rich Simon war nämlech fir eis mat den zwee neien Minibussen vu Mercedes ënnerwee...
    4 min
  • Toyota C-HR am Alldag Test, 28/03/2024
    Den Toyota C-HR steet elo bei eis prett am Automag. C-HR steet fir Coupé High Rider, an di zweet Generatioun huet sech dann elo am Alldag misste beweisen. Wien souz hannert dem Volant? De Christian Schmit. Gudde Mëtteg.
    4 min
  • Automag: Mazda MX-30 R-EV, 25/03/2024
    Am Automag vun haut presentéiere mir iech de Mazda MX-30  e-Skyactiv R-EV. De Rich Simon stellt eis dëse klengen SUV vir. Wann ech mech richteg erënneren, hu mir awer schonns eng Kéier iwwer dësen Auto geschwat, Rich...
    4 min
  • Automag: VW Passat, 21/03/2024
    Laang virum SUV an dem Minivan war am Fong de grousse Kombi den idealen Auto fir d’Famill. An dëser Liga huet och ëmmer de VW Passat matgespillt. Während d’Limousine scho méi laang an d’Pensioun geschéckt gouf, huet de Kombi elo een Nofolger kritt. De Paul Origer huet fir eis den neie Passat zu Nice getest.
    4 min