Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Test Peugeot E 308, 01/02/2024
    Am Automag ginn d´Krallen eraus gefuer. Nämlech déi vum Peugeot Léiw. An deem heiten Fall sinn et elektresch Krallen, vum 308. Fir iwwer deen Auto ze schwätzen ass de Rich Simon bei mir. Deen Auto gouf et bis elo net an enger Elktroversioun....
    4 min
  • Automag: Mercedes C-Klass Diesel-Hybrid, 22/01/2024
    E bëssen an den Hannergrond geroden ass e schonn, den Hybrid. Et ginn awer och Marken déi un em festhalen. Wéi zum Beispill Mercedes-Benz. Si kombinéieren esouguer nach ëmmer den Diesel- mam Elektromotor, den neiste Worf ass déi aktuell C-Klass als C 300 de. De Paul Origer huet e fir eis am Alldag getest.
    4 min
  • Automag: Volvo EX30, 15/01/2024
    Volvo huet schonn eng Zäitchen Elektromodeller an der Gamm – allerdéngs baséieren C40 an XC40 nach ëmmer op enger Verbrennerplattform. Mat de Buschtawen EX start elo eng nei Modellrei, déi als reng E-Autoe konzipéiert gouf. Éischte Worf ass den EX30, deen Ufank Juli zu Lëtzebuerg seng statesch Première feieren duerft. De Paul Origer war fir eis deemools mat dobäi.
    4 min
  • Test Mercedes EQE SUV AMG 43, 08/01/2024
    Wéi all Méindeg, ass och haut nees Zäit fir iwwert een neien Auto ze schwätzen. Haut ass dat de Mercedes EQE SUV AMG 43. De Rich Simon aus eiser Automag Redaktioun ass am Studio. Rich wann ee vun AMG schwätzt, da weess een, datt vu vill PS rieds geet....
    4 min
  • Automag: VW Touareg R, 04/01/2024
    Den Touareg ass net nëmmen d’Spëtzt vun der SUV-Gamm, mee och ee feste Pilier am Programm vu VW. Nom grousse Facelift am Mee koum elo déi sportlech Topversioun Touareg R an den Test. De Paul Origer ass e fir eis gefuer.
    4 min
  • Automag: BYD Seal, 28/12/2023
    Eng nei Autosmark ass amgaang hire Wee op Lëtzebuerg virzebereeden: BYD oder Build Your Dreams. Ee Modell vun der Mark aus China, den Dolphin, hate mer schonn hei am Automag. Elo ass et un der Nummer zwee aus den “Ocean Series”, dem Seal. De Paul Origer war fir eis op der Présentatioun zu La Hulpe bei Bréissel derbäi.
    4 min
  • Mazda Musée zu Augsburg, 25/12/2023
    Villäicht hu dir elo an der Chrëschtvakanz geplangt, fir deen een oder anere Musée ze besichen. De Rich Simon huet viru kuerzem een Autosmusée entdeckt, deen et absolut derwäert ass eng Kéier kucken ze goen. Nämlech de Mazda Musée zu Augsburg...
    3 min
  • Volkswagen ID.7 - Akim Schmit, 14/12/2023
    Bei der VW Ënnermarque ID gëtt et mam ID. 7 Zouwuess. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech den Topmodell aus der elektrescher Gamme vu VW net just ugekuckt, mee a Südfrankräich fir eis ganz genee ënnert d’Lupp geholl.
    1 min