Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Nissan Qashqai e-Power, 04/08/2022
    De Nissan Qashqai ass a bleift e ganz beléiften SUV Modell. Iwwer de Verkafs Erfolleg kann e sech bei 5,5 Milliounen Exemplairen an iwwer 40 Länner bei Nissan net beschwéieren.

    An awer gouf elo am Summer nach d’Versioun e-Power presentéiert.
    Wat sech do derhannert verstoppt, dat weess de Christian Schmit.




    3 min
  • Automag: Subaru Forester, 01/08/2022
    En SUV kann een op vill Manéieren interpretéieren, eng dovunner heescht Forester a kënnt vu Subaru. An dee war elo zeideg fir ee grousse Facelift. Wat elo bei sengem Alldagstest erauskoum, dat seet eis de Paul Origer.
    4 min
  • Nissan Juke Hybrid, 25/07/2022
    De Nissan Juke steet an de nächste Minutten am Automag am Mëttelpunkt. Mee dee gëtt et dach schonn eng Zäitchen seet e sech.

    Dat stëmmt, mee elo kennt eng Hybrid Versioun dobäi.
    De Christian Schmit hate mir op d’Presentatioun geschéckt.
    3 min
  • Automag: BMW i-Gamm, 21/07/2022
    Bal 10 Joer sinn et hir dat BMW mat de Modeller i3 an i8 eng nei Ära bei de Bayerische Motorenwerke agelaut huet. Zenterhier huet sech d’Gamm lues a lues virun entwéckelt an aner Modeller, wéi elo rezent iX3, iX an i4 koumen nei derbäi. Am Kader vun der Future Mobility Tour zu Lëtzebuerg huet BMW nach e weideren Abléck an hir elektresch Zukunft ginn. De Paul Origer war fir eis dobäi.
    4 min
  • Test vum Toyota bZ4X, 18/07/2022
    Am Automag vun haut, stelle mir iech nees eng voll elektresch Maschinn vir. An dat ass den Toyota bZ4X. Fir de japanesche Konstrukteur ass dat komplett Neiland. Bis elo gouf et nämlech nach kee Modell vun Toyota dee just mat Baterien ënnerwee ass. De Rich Simon huet fir eis den bZ4X getest.
    4 min
  • Automag: Nei Modeller bei Alpina, 14/07/2022
    Et gi Leit, déi hunn et gäre méi exklusiv a genee op déi ziilt schonn iwwer 50 Joer Alpina. De BMW-Veredler aus Buchloe kuckt op eent vun den erfollegräichste Joren zeréck a schéngt och net op de Lorberen ze raschten. Um Bilster Berg huet de Familljebetrib hir neiste Modeller gewisen an de Paul Origer war fir eis dobäi.
    4 min
  • Automag: Wéi steet et ëm Alpina?, 04/07/2022
    Zanter iwwer 3 Méint ass et offiziell: D’Mark Alpina gehéiert elo zu BMW. D'Burkard Bovensiepen GmbH vu Buchloe aus dem Ostallgäu ass net nëmmen ee vun deene klengsten an exklusiivste Constructeuren op der Welt, mee si kucke mat iwwer 50 Joer och op eng grouss Traditioun zeréck. Gëtt déi elo bei BMW virugefouert a wéi koum et iwwerhaapt zu deem Schrëtt - de Paul Origer war bei engem Alpina-Event um Bilster Berg mat dobäi a gouf opgekläert!
    2 min