Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: DS 4 E-Tense, 03/10/2022

    Eng DS steet an de nächste Minutten am Automag am Mëttelpunkt. DS dat sinn d‘Luxusliner vum grousse Stellantis Grupp.
    Nodeems mir iech d’lescht Woch den iwwerschafften DS 7 presentéiert haten, si mir elo mam DS 4 ënnerwee.
    De Christian Schmit souz fir eis hannert dem Steierrad.



    4 min
  • Automag: Test DS7 Facelift, 26/09/2022
    Am Automag vun haut gëtt franséisch geschwat. De Rich Simon huet nämlech den neien DS 7 getest. Woubäi "nei" villäicht net ganz richteg ass. D'Luxus-Maschinn krut nämlech just e Facelift. Vun deem erhofft ee sech, datt d' Successtory vum DS 7 deen am Joer 2018 op de Marché komm ass, weider geet....
    4 min
  • Automag: KTM X-Bow GT-RX, 19/09/2022
    Wien sech fir Motorrieder interesséiert, huet secher scho vu KTM héieren. Mee och am Motorsport sinn d’Eisterräicher ënnerwee. A genee do leien Originnnen vun hirem neiste Sportswon, dem X-Bow (Crossbow) GT-XR. Den Akim Schmit aus der Automag Ekipp mat den Detailer.
    5 min
  • Trans Afrika Projet mam Camper, 15/09/2022
    Och dëst Joer war de Caravan Salon zu Düsseldorf nees e vollen Erfolleg. Do begéint e nieft de Nouveautéiten och Leit déi sech mat hirer Wunneng op 2 Achse méi traue wéi just en Tierchen an d’Vogesen oder an de Schwarzwald.

    E Mann dee scho ganz vill vun der Welt mam Camper gesinn huet, ass de Kostya Abert.
    An deen, a seng spektakulär Rees Destinatiounen, stellt de Christian Schmit eis elo vir.
    4 min
  • VW ID BUZZ, 08/09/2022
    Haut hu mir am Automag Rendezvous mat engem „Klassiker reloaded“. Dee gouf elo an där Stad presentéiert wou dëst Joer och den Tour de France lancéiert gouf.

    Zu Kopenhagen an Dänemark.
    De Christian Schmit war mat dorobber, a wat hat dann do seng Weltpremière gefeiert?


    4 min
  • Automag - Toyota GR86, 29/08/2022
    Ass fir iech en Auto just eng Blechkëscht fir vun A op B ze kommen? Da braucht der am Fong net méi nozelauschteren. Oder awer dir hutt e bësse Bensinn am Blutt a verbannt Autofuere mat Freed a Leidenschaft – da kéint et sinn dat de Paul Origer mat sénger Nouvelle vun Toyota ären Nerv trëfft.
    4 min
  • Jaguar I-Pace, 22/08/2022


    „Very british“ présentéiert sech haut den Automag. Dat mam Jaguar I-Pace. Jo och d’Englänner kennen E-Auto an haten dëse vun der Insel an d’Automagredaktioun geschéckt.
    De Christian Schmit war mam noble Brit ënnerwee.





    3 min
  • Nissan Ariya, 18/08/2022
    Virun zwee Joer war en annoncéiert ginn, elo war et dann iwwer de Summer endlech esouwäit. Di international Presentatioun vum Nissan Ariya.

    Fir den Automag war de Christian Schmit mat dobäi.
    4 min
  • Automag: Range Rover V8, 15/08/2022
    Am Automag vun haut dréint sech alles ëm en Dinosaurier: den neien Range Rover V8. Wat et mam Dinosaurier op sech huet, a wéi sech den neie „Range“ op der Strooss mécht, weess den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp.
    4 min