Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: Peugeot 408, 12/12/2022
    Kapp oder Bauch – wat entscheet bei iech wann der een Auto kaaft? Definitiv an der Kategorie Bauch lant den neien Auto vun haut, de Peugeot 408. Firwat dat esou ass, dat huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Sitges erausfonnt.
    4 min
  • Automag: Cupra Born, 08/12/2022
    Am Automag vun haut komme mer op en Elektro-Auto ze schwätzen, iwwert dee mer hei schonn emol geschwat hunn, nodeems den Akim Schmit op der Presentatioun am September 2021 dobäi war. Elo hat den Andy Brücker d’Geleeënheet de Cupra Born fir puer Deeg hei am Land ze fueren. Mol kucke wéi seng Andréck dann esou waren …
    3 min
  • BMW iX M60, 05/12/2022
    Haut komme mir iech am Automag mat engem ganz staarken Elelektro gefuer. Et ass mam BMW iX M60 e Power SUV. Op de Spagat geléngt, dat huet de Christian Schmit erausfont, wëll deen hat d'Chance en ze probéieren. Salut Christian
    4 min
  • Automag: News vum 1. Dezember, 01/12/2022
    An den Automag News vun haut: de Comeback vum Wankelmotor bei Mazda, Schweden sträicht d’Subventioune vun Elektroautoen a Ford d’Produktioun vum Fiesta. An: de séiersten Elektroauto kënnt aus Kroatien. Den Detail mam Akim Schmit.
    3 min
  • Zeppelin Musée zu Friedrichshafen um Bodenséi, 28/11/2022
    Haut geet et am Automag em e Verkéiersmëttel wat mir bis dato nach ni am Programm haten.
    Den Zeppelin. Zu Friedrichshafen um Bodensee stoung d’Wéi vum Grof Zeppelin, an am Zeppelin Musée kann e vill gewuer ginn iwwer seng Geschicht, Erfolleg an och Tragedien.
    De Christian Schmit hat sech dat emol ugekuckt.



    4 min
  • Mam Zeppelin ënnerwee, 24/11/2022
    Mir huelen iech mat an den Zeppelin Musée zu Friedrichshafen um Bodensee. Vun der Theorie an d‘Praxis souzesoen.
    De Christian Schmit hat nämlech Geleeënheet mam Zeppelin NT, steet fir New Technology, iwwer de Bodensee ze fléien.



    4 min
  • Automag: Skoda Enyaq Coupé RS iV, 17/11/2022
    Am Automag vun haut ass rieds vun engem Gefier, wat a Richtung Undriff a Karosserie-Form déi nächst Joren op eisem Stroossebild dominéiere wäert. Deemno geet et ëm Elektro an SUV… an dësem Fall aus dem Haus Skoda. Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun hat den Enyaq Coupé RS am Test.
    3 min