Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: Mercedes-Benz EQS SUV, 27/03/2023
    Am Automag vun haut schwamme mer mam Trend: den Mercedes-Benz EQS SUV ass nämlech net nëmmen en XXL-SUV mee och nach reng elektresch ënnerwee. Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp huet sech fir e puer Deeg mam EQS SUV ugefrënnt.
    4 min
  • Microlino vun der Mark Micro, 23/03/2023
    E war sécherlech ee vun den heemleche Staren um Salon de l’Auto am Januar zu Bréissel. De "Microlino" vun der Mark Micro.
    Dee Numm trëfft et och zimmlech gutt, wëll de Won ass grad emol 2,50 Meter laang. An de Christian Schmit souz schonn dran.

    4 min
  • Automag: VW ID. 2all, 20/03/2023
    Wéi ass et mat der Elektromobilitéit am Segment vun de klengen Autoen? Ofgesi vum Renault Zoe an de Plattformzwillingen Opel Corsa, Peugeot 308 an DS3 Crossback ass de Choix limitéiert. A genee do wëll elo VW mam Elektro-Nofollger vum Polo duerch starten. Zu Hamburg gouf lescht Woch de Showcar vum neien ID. 2all als Weltpremière virgestallt an de Paul Origer war fir eis mat dobäi.
    3 min
  • Automag Skoda 4x4 Winter Experience, 06/03/2023
    An dësem Automag geet et op d’Äis, en Terrain op deem een éischter seelen ënnerwee ass mat engem Auto. Skoda hat invitéiert a wollt beweisen, dass ee mat hiren Autoen och op deem Ënnergrond ka «sécher » fueren. Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun war dofir an d’Häerz vu Schweden gereest.
    4 min
  • Automag: VW Amarok, 02/03/2023
    SUV a Gelännween leie jo voll am Trend mee wéi ass et mat Pickups? Mercedes an Nissan hunn et fir de Moment an deem Segment opginn, Ford a VW halen awer dru fest an hunn elo fir de Festival hir neiste Modeller virgestallt. De Paul Origer hat zu dëser Geleeënheet deen neie VW Amarok am Test.
    4 min
  • Automag: BMW X1, 27/02/2023
    Am Automag vun haut dréit sech alles ëm de BMW X1. Wéi sech dee klengsten SUV vum bayreschen Hiersteller am Alldag schléit, huet den Akim Schmit aus der Automag Ekipp fir eis getest.
    4 min
  • Automag: Mercedes-Benz S 580 e Laangversioun, 20/02/2023
    Dat bescht oder näischt – Parademodell fir dëse Slogan ass an der Mercedes-Gamm natierlech d’S-Klass. No engem detailléierten Test vun der kuerzer Versioun mat Dieselmotor viru bal 2 Joer ass et elo um laange Radstand mat Hybrid. Wéi eng Erfarungen de Paul Origer mam S 580e Laangversioun gemaach huet, seet en eis elo.
    5 min
  • Opel Astra a Grandland GSe, 13/02/2023
    Mat där Mark déi de Blëtz als Logo um Küler huet si mir haut am Automag ënnerwee.
    Deemno mat Opel, an déi loossen di legendär Buschtawe Kombinatioun GSI elo erëm opliewen.
    De Christian Schmit war fir eis op där Presentatioun dobäi.
    3 min