Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Neies bei der Mark ALPINA, 31/07/2023
    ALPINA, eng Mark déi a ganz klenge Stéck Zuelen Autoen zesaummesetzt. Dat zu Buchloe am Allgäu.
    All Joer invitéiere si op e Presse Event. Déi Kéier war dat um Circuit zu Zandvoort an Holland.
    De Christian Schmit war fir eis mat dobäi, an et war eng Renconter mat Nouveautéiten a Klassiker.
    3 min
  • Renault Clio "Esprit Alpine", 20/07/2023
    E Bestseller haut am Automag. Frësch vum Stylist coifféiert ginn, a soll elo prett sinn fir et weiderhi mam Léiw vun der franséischer Konkurrenz opzehuelen.

    De Renault Clio a senger 5. Generatioun krut e Facelift, an de Christian Schmit war op der Presentatioun mat dobäi.
    1 min
  • Expo Louis de Funès, 17/07/2023
    Louis de Funès: 40 Joer sinn et elo schonn hir dass de franséische Komiker eis verlooss huet, mee seng Filmer bleiwen onvergiesslech. An och di Autoen déi an deene Film Produktiounen eng Roll gespillt hunn. Zu Mulhouse an der Collection Schlumpf, deem gréissten Auto-Musée an Europa, do kann een déi elo an enger interessanter Expo zu deem Thema gesinn. De Christian Schmit huet sech déi am Elsass ugekuckt, an di passend Film Musek leeft do och.  
    4 min
  • Automag: Mazda CX-60 Diesel, 13/07/2023
    Mazda war, wat Motoren ubelaangt, nach ëmmer ee klenge Rebell. Sief et de Wankelmotor, deen nach emol am RX-7 an RX-8 opliewen duerft oder den Anti-Downsizing-Programm a Form vu grousse Motoren an héigher Kompressioun. Elo lancéiert Mazda an hirem Flaggschëff CX-60 mol ee fonkelneien Dieselmotor – dir hutt richteg héieren! A wat deen alles kann, huet de Paul Origer fir eis getest.
    4 min
  • 75 Joer LOSCH Lëtzebuerg, 10/07/2023
    75 Joer LOSCH Lëtzebuerg goufen dëser Deeg gefeiert. Dat an der LUXEXPO / THE BOX heiuewen am Kirchbierg. Eng Zäitrees vum Passé eriwwer an Zukunft gouf et do ze gesinn, a fir eis hat de Christian Schmit dierfe gratuléieren.
    3 min
  • Automag: Test BYD Dolphin, 03/07/2023
    Am Automag vun haut, stelle mir iech eng ganz nei Mark vir. Nämlech BYD. Déi kennt aus China a produzéiert just Elektroautoen. De Rich Simon huet de BYD Dolphin getest. Rich kann's de awer emol fir d' éischt erklären wat hannert der Mark BYD stécht?
    4 min
  • BMW i7 an XM, 29/06/2023
    Haut hu mir am Automag 1108 PS ze bidden, verdeelt op nëmmen 2 Autoen. Eemol voll elektresch an eemol mat Plug-In Hybrid Technik.
    Et sinn dat d'BMWen i7 an XM. BMW hat op eng Randonnée laanscht Musel a Saar invitéiert, a fir eis souz de Christian Schmit hannert dem Volant.
    3 min
  • Automag: Test Ford Bronco, 22/06/2023
    Am Automag vun haut geet et vun der Strooss eraus op den Terrain: Bulli, Schotter, Waasser. Alles dat passt bei deen Auto deen eis de Rich Simon haut virstellt, Nämlech de Ford Bronco. Rich hunn ech dat elo schonns alles bësse richteg resuméiert?
    4 min
  • Autotest LEXUS RX 450h+, 12/06/2023
    Mat engem feine LEXUS si mir haut am Automag ënnerwee. An zwar mam Modell RX 450h+. Wéi vill Luxus sech am LEXUS wuel verstoppt,  a wéi sech deen Testauto am Alldag bewäert huet, dat huet de Christian Schmit um Volant erfausfonnt.

    1 min