Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Alfa Romeo Tonale, 05/06/2023
    Tonale, dat ass e Pass an den italieeneschen Alpen. An esou heescht och elo e neien Alfa Romeo.



    Nei kann een hei wierklech betounen, well et ass säit laangem emol erëm eng Kéier de Fall.
    An da gläich nach eng Nouveautéit, wëll et ass deen éischten Alfa mat Stécker.
    De Christian Schmit huet di Hybrid Versioun dierfe fueren.
     




    3 min
  • WEC World Endurance Championship, 08/05/2023
    Haut gëtt et am Automag en Ausfluch an d’Ardennen. Do ginn et net nëmmen Fiiss a Wëllschwäin an de Bëscher, neen och zwee Léiwen hunn do leschte Weekend gebrëllt.
    Dat waren déi vu Peugeot Sport zu Francorchamps um Circuit am Kader vun der 6 Stonnen Endurance Course WEC.
    De Christian Schmit hat d’Invitatioun an d’belsch Ardennen ugeholl fir hiren Hypercar kennen ze léieren. 
    4 min
  • Automag: Jeep Avenger, 04/05/2023
    Wann een un déck amerikanesch 4x4 denkt, kënnt engem d’Mark Jeep wuel als éischt an de Sënn. Abee, d’Zäiten ännere sech: mam Avenger huet den amerikaneschen Hiersteller elo säin éischten voll elektreschen SUV am Programm. Den Akim Schmit aus der Automag Ekipp mat den Detailer.
    4 min
  • Automag: Weltpremière CUPRA TAVASCAM, 01/05/2023
    Am Automag vun haut presentéiere mir iech een Auto, deen awer réischt dat nächste Joer eraus kennt. Nämlech de CUPRA Tavascan. Fir dat ze maachen ass de Rich Simon bei mir am Studio...Ir mir op den Auto konkret ze schwätze kommen, wou kennt deen Numm "Tavascan" hier?
    1 min
  • Automag - Toyota bZ4X, 27/04/2023
    Haut schwätze mer am Automag iwwert e Modell vum weltwäit gréissten Autoproduzent Toyota. D’Japaner ware Pionéier wat d’Hybrid-Technik ugeet... beim reng elektreschen Undriff hu se sech awer Zäit gelooss.
    4 min
  • BMW iX5 Hydrogen, 17/04/2023
    A wa mir awer net alles op eng Kart setze géifen?
    Dat denke sech och verschidden Auto Marken an hu parallel zu der Elektromobilitéit och un aneren alternativen Energiquelle gefuerscht. Stéchwuert: Hydrogen, also Waasserstoff.Esou och BMW, an hire Modell iX5 Hydrogen hat dëser Deeg och hei zu Lëtzebuerg Statioun gemaach.De Christian Schmit war fir eis mat dobäi.
    3 min