Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: BMW i4, 11/04/2022 11:45
    Eis Automag-Ekipp beschäftegt sech an der Lescht haaptsächlech mat SUV’en an der Elektromobilitéit. Haut steet awer keen SUV, mee eng Elektro-Limousine am Mëttelpunkt, an zwar déi éischt vu BMW. Den Akim Schmit mat den Detailer zum neie BMW i4 M50.
    4 min
  • Automag: Hyundai Kona N, 07/04/2022 16:15
    Et ass just ee Buschtaf, mee dee mécht de groussen Ennerscheed. Bei Hyundai steet den N net nëmme fir d’Heemecht Namyang, mee och fir den Nürburgring wou déi sportlech Varianten ofgestëmmt ginn. Ob dat beim neie Kona N gelongen ass an ob en d’Blutt vun engem Petrolhead un d’Kache bréng kann, dat seet eis de Paul Origer no sengem Test.
    4 min
  • Automag: Lexus NX450h+, 04/04/2022
    D’Elektrifizéierung an der Automobilbranche geet monter virun an och Lexus huet dann elo den éischte Plug-In Hybrid erausbruecht. Wéi kéint et anescht sinn... et ass natierlech een SUV. Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun huet sech den NX 450h+ méi genee ugekuckt.

    4 min
  • Automag: Nissan electrified, 28/03/2022 11:45
    Wéi vill aner Constructeure setzt och Nissan an Zukunft just nach op elektresch ugedriwwe Modeller. Wat do op eis duerkënnt a wéi de japanesche Produzent den Iwwergang vum Verbrenner zum Elektro-Undriff packe wëll, weess den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp.
    3 min
  • Automag: Honda e-HRV, 21/03/2022 11:45
    Knapps am Showroom a schonn an der Automag Redaktioun gelant. Dee neien Honda e-HRV.



    Wéi schléit sech de fusch neie Japaner am Test? De Christian Schmit huet e probéiert, an et gëtt e just an der Hybrid Versioun?
     
    4 min
  • 75 Joer Ferrari, 14/03/2022 11:45
    75 Joer Ferrari stinn haut am Mëttelpunkt vum Automag. Dat aus guddem Grond. Wëll wien Ferrari seet, seet och Enzo Ferrari, an deen huet 1947 zu Maranello d’Sportswon Manufaktur gegrënnt.

    De Christian Schmit gratuléiert an huet sech fir d’Faszinatioun Ferrari interesséiert.
    4 min
  • Automag: Renault Mégane E-Tech Electric, 10/03/2022 16:15
    Wat Elektroautoe betrëfft, ass Renault ee vun de Pionéier, schliisslech kuckt déi franséisch Mark op schonn 10 Joer Erfahrung an iwwer 400.000 gebauten Autoen zeréck. Nom Bestseller Zoé ass et dofir elo Zäit, an der Kompaktklass ze starten, an zwar mam neie Mégane E-Tech Electric. De Paul Origer war fir eis bei der Presentatioun zu Malaga dobäi.
    4 min
  • Automag: Volvo C40 Recharge, 07/03/2022
    Mam C40 start net nëmmen deen éischte Modell, deen et nach just elektresch gëtt mee och deen éischte SUV-Coupé vu Volvo. Wéi deen sech fiert a wat d’Ënnerscheeder zum SUV-Brudder sinn, huet de Paul Origer fir eis erausfonnt.
    3 min