Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag News, 03/03/2022
    D’Zukunftspläng vu Stellantis, den europäeschen Auto vum Joer, e Software-Update bei Skoda an Automobil Dreem déi dëser Deeg ënnert den Hummer kommen. Den Detail an den Automag-News mam Akim Schmit.
    3 min
  • Automag: D'Mark Borgward zu Lëtzebuerg, 24/02/2022 16:15
    Am Automag vun haut huele mer eng Autosmark méi genee ënnert d’Lupp, déi wuel éischter engem eelere Semester dierft e Begrëff sinn. Si ass awer och haut nach um Marché ze fannen, an do souguer mat engem besonnesche Bezuch zu Lëtzebuerg. Wéi deen ausgesäit, zielt eis den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun.
    4 min
  • Erliefneswelt Ring Werk um Nüburgring, 14/02/2022 11:45
    Elo geet et op de Nürburgring. Net op de Circuit, mee an d’Erlebniswelt Nürburgring.

    D’Renn Streck an der Äifel, dee Mythos deen zënter 1927 ouni Ënnerbriechung Motorsport a Geschichte geschriwwen huet, bitt eppes fir Grouss a kleng.De Christian Schmit war elo Enn Januar mol bis dorobber gefuer.


    4 min
  • Automag: Mercedes-Benz EQS, 10/02/2022
    3 SUV an 1 Van bitt Mercedes entretemps an hirer vollelektrescher EQ-Gamm un – si baséieren awer alleguer nach op Verbrenner-Modeller. Mam EQS gouf deen éischten, komplett als Elektroauto konzipéierte Mercedes presentéiert. De Paul Origer ass e fir den Automag gefuer.
    4 min
  • Automag: BMW M440i Xdrive Gran Coupé, 07/02/2022
    Bei den Auto Ventë konnt d’Elektro Mobilitéit an der Statistik e grousse Sprong no vir maachen. Mee fir vill vun eis bedeit Spaass um Fuere jo nach ëmmer Zylinderen a ganz vill Cocoen ënnert dem Capo.

    Den Testauto vun haut am Automag ass esou een aus där Kategorie. De BMW M440i an der Versioun Gran Coupé.
    De Christian Schmit war mat him e Weekend ënnerwee.



    4 min
  • Automag: Déi gréisste privat Vëlo Moto Solex Kollektioun, 27/01/2022
    Net am Auto, mee um Vëlo Moto huele mir haut Plaz. An dofir geet et déi Säit d’Musel an Däitschland, e puer Kilometer hanner Réimech.

    Do steet nämlech di weltwäit gréisste Sammlung u Vëlo Motoe vun der franséischer Mark Solex.
    An de Christian Schmit huet dee Mann kennegeléiert deen e Faibel heifir huet a seng Passioun auslieft.

    4 min