Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: News, 16/12/2021 16:15
    An den News vun haut geet et em Nouvelle vum japanesche Konstrukteur Toyota, dem moderniséierte Jeep Wrangler an enger ganzer Rëtsch getéitschtener Autoen. Den Détail vun den Automag News elo mam Paul Origer.
    0 min
  • Automag: Polestar 2, 13/12/2021 11:45
    Fir den Autosfestival 2022 hu mer eng nei Mark zu Lëtzebuerg: Polestar. Am Fong keen Onbekannten, schliisslech huet sech Polestar bis elo ëmmer em déi méi sportlech Volvo-Modeller bekëmmert. Mee elo geet déi nei Geely-Duechter hiren eegene Wee an dat mam Polestar 2. De Paul Origer war fir eis op der Lëtzebuerger Presentatioun dobäi.
    0 min
  • Automag: Mercedes-Benz C-Klass, 02/12/2021 16:15
    Bei Mercedes sinn d’Rolle kloer verdeelt; op der enger Säit d’S-Klass déi als Technik-Apostel sämtlech grouss Neiegkeete presentéiert, op der anerer Säit d’C-Klass déi dës nei Technologien der breeder Mass zougänglech mécht an esou Suen an d’Kees spullt. Wéi déi elo 6. Generatioun vun der C-Klass sech am Alldag mécht, dat huet de Paul Origer fir eis getest.
    0 min
  • Automag: Nissan Qashqai, 22/11/2021 11:45
    Déi mannst kënne sech nach drun erënneren, mee keen aneren Auto huet viru 15 Joer déi Erfollegs-Well vun de Kompakt-SUV esou lassgetrëppelt wéi den Nissan Qashqai. Elo steet déi 3. Generatioun am Showroom an de Paul Origer huet se fir eis am Alldag getest.
    0 min
  • VW T 7 Multivan, 18/11/2021 16:15
    Multivan, dat ass e beléifte Modell an der Gamme vu VW fir Leit déi Plaz brauchen. Sief et fir Passagéier ze transportéieren an oder och vill Gepäck.

    Elo steet di nei Generatioun um Depart, an de Christian Schmit konnt e schonn op däitsche Stroosse probéieren.
    0 min
  • VW T-Roc R a VW Golf R, 15/11/2021
    An eisem Automag vun haut, kucke mer eis 2 Modeller aus dem Haus VW un, déi de Kierzel “R” hannert hirer eigentlecher Modellbezeechnung stoen hunn. Rieds ass vum VW Golf R an dem T-Roc R. Getest a verglach huet béid Gefierer den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun.
    0 min
  • Automag: Nissan Juke N-Design, 08/11/2021 11:45
    2010 hat Nissan eng éischte Kéier säi Modell Juke an de Show Room gesat. Deen huet deemools vun Ufank u polariséiert. Et gouf näischt fir ze vergläichen an där Kategorie.
    Elo an der zweeter Generatioun eigentlech nach ëmmer, wann och manner ausgepräägt. Wat kann dee japanesche Coupé Crossover, a wéi schléit e sech am Alldag?
    De Christian Schmit war domat duerch d’Land ënnerwee.
    0 min