Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Ënnerwee op der Amalfitana, 27/09/2021 11:45
    War dir de Summer dann och e bëssche fort?
    Eise Mann aus der Automag Redaktioun, de Christian Schmit dee war, an hat sech iwwer de Summer e klengen Dram erfëllt. D’Amalfitana selwer erfueren.
    Dat ass eng Panorama Streck am Süde vun Italien, déi zu schéinsten an der Méditerranée zielt. Klengt no Bella Italia an Dolce Vita, oder?

    0 min
  • Automag: VW New Auto, 13/09/2021 11:45
    Wéi gesäit d’Zukunft vum Auto aus? Oder schwätze mer an e puer Joer nëmmen nach vu “Mobilitéit”? Genee doriwwer huet sech VW Gedanke gemaach an um Virowend vun der IAA 150 international Journalisten op München agelueden. Mat dobäi war och de Paul Origer aus eiser Automag-Redaktioun, dee sech iwwert den “New Auto” informéiert huet.
    0 min
  • Automag: News, 09/09/2021 16:15
    D’IAA zu Frankfurt – dat war ee vun deene grousse Rendezvous’en an der Autoswelt, eng international Bühn fir Etuden an nei Modeller! An elo? D’Internationale Automobilausstellung ass op München geplënnert a gouf reduzéiert. Net nëmmen an der Unzuel vun Halen oder Autosmarken, mee och nach just op een Thema: Mobility. Wat et zu München ze gesinn an ze erliewe gouf, huet de Paul Origer eis matbruecht.
    0 min
  • Mercedes Citan & Sprinter 4 X 4, 06/09/2021 11:45
    Citan a Sprinter, dat sinn zwee Mercedes Modeller aus der Kategorie vun den Utilitären.
    Bei deenen zwéi ginn et elo Neiegkeeten. Deen ee komplett nei, deen anere mat techneschen Evolutiounen. De Christian Schmit war op der Presentatioun zu a ronderëm Frankfurt mat dobäi.
    0 min
  • Automag: Seat Ibiza & Arona, 02/09/2021 16:15
    Bei Seat sinn et déi Kleng, déi grousse Succès hunn an domat déi wichtegst Modeller an der Gamm sinn. Rieds geet vum Ibiza an dem klengen SUV-Brudder Arona. Si goufen am Kader vun engem Facelift allenzwee opgefrëscht – wat genee nei ass, huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Bilbao erausfonnt.
    0 min
  • Automag: Test Porsche Taycan, 30/08/2021 11:45
    Viru kuerzem hat Porsche op den Hockenheimring invitéiert. Nämlech an de Porsche Performance Center deen do integréiert ass. Hei goufen et Informatiounen wat beim 2022 Taycan alles nei ass. De Rich Simon war fir eis mat dobäi, wou d´Nouveautéiten presentéiert goufen...
    0 min
  • Automag: News, 26/08/2021 16:15
    An de News vun haut geet et em eng nei Hybrid-Motorisatioun beim BMW 5er. Als Basisversioun huet BMW nieft dem 545e a 530e elo viru kuerzem och e “klengen” Hybrid, de 520e lancéiert. Den Détail vun den Automag News an den Test vum 520e elo mam Paul Origer.
    0 min
  • Toyota RAV4 Plug-In-Hybrid, 23/08/2021 11:45
    Den Toyota RAV4 war quasi mat ee vun de Grënner vun der Kategorie vun de Kompakt-SUV. Nieft engem Hybrid kritt een déi neiste Generatioun elo och als Plug-in-Hybrid. An deen huet den Andy Brücker aus de Automag-Ekipp fir iech getest.
    0 min