Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: BMW M3 & M4, 08/07/2021 16:15
    M – am Fong ee ganz einfache Buchstaw. Bei BMW-Fans suergt deen awer fir Häerzklappen, schliisslech steet den M bei de Münchner fir déi besonnesch leeschtungstaark Modeller. Häerzklappen hat och de de Paul Origer, hien duerft fir eis déi nei Modeller M3 an M4 op genee der richteger Plaz testen.
    0 min
  • Automag: Mercedes S-Klass, 05/07/2021 11:45
    Keen anere Modell an der Mercedes-Gamm steet fir hire Savoir-Faire wéi d’S-Klass. No iwwer 60 Joer ass d’Flaggschëff mam Stär an der 12. Generatioun ukomm. Ob déi méi wéi je dem Slogan “Das Beste oder Nichts” gerecht gëtt, huet de Paul Origer fir eis getest.
    0 min
  • Maserati Ghibli Hybrid, 01/07/2021 16:15
    Dëser Deeg gouf et fir d’Redaktioun vum Automag Besuch aus Italien. An dat vun enger Mark déi net esou dacks do parkt. Maserati!



    Hire Modell Ghibli geet jo technesch och elo mat der Zäit, an dowéinst eng Hybrid Versioun.
    „Bella macchina“, oder „Bemol“? De Christian Schmit wollt dat um Volant erausfannen.




    0 min
  • Automag: Volvo XC40 Recharge, 24/06/2021 16:15
    Quasi an all Motorisatioun hate mer de Volvo XC40 schonn am Test. Elo steet deen éischte vollelektresche Volvo um Programm, deen ënnert dem Blech méi ze bidden huet wéi e vu bausse kéint mengen – de Paul Origer ass fir eis deen neien XC40 Recharge gefuer.
    0 min
  • Automag News: Neies bei BMW, 17/06/2021 16:15
    Am Kader vun enger Lëtzebuerger Presentatioun huet BMW eng ganz Rëtsch nei Motorisatioune virgestallt, dorënner en neien Topmotor, en neien Diesel an een Hybrid. Den Highlight vun dëser Presentatioun fiert awer komplett mat Stroum - wat d’Elektrifikatioun ugeet, war BMW mat de Modeller i3 an i8 jo schonn ee vun de Pionéier, elo kritt d’i-Gamm mam neien iX3 Zouwuess. Den Détail elo an den Automag News mam Paul Origer.
    0 min
  • Test Mazda CX-5, 14/06/2021 11:45
    Am Automag vun haut, huele mir iech nees mat an d´Welt vun den SUV. All Mark huet praktesch op d´mannst een Sport Utility Vehicle a senger Gamme. Bei Mazda ass dat ënnert anerem den CX-5. De Rich Simon huet fir eis dëse Modell getest.
    0 min
  • Mercedes E300e Plug-In Hybrid, 07/06/2021 11:45
    D‘ Mercedes E-Klass als Plug-In Hybrid 300e 4Matic steet elo am Automag am Mëttelpunkt. Déi elegant Limousine gouf rezent bei d’Visagistin geschéckt.
    Voll getankt a geluede goung et lass fir de Christian Schmit hannert dem Volant.
    0 min
  • Automag DS3 Crossback E-Tense, 03/06/2021 16:15
    Mam DS3 huet alles ugefaang; deen noble Cousin vum deemolegen Citroën C3 war deen éischte Schrëtt an d’Richtung vun enger eegestänneger Marque. Deen aktuellen DS3 lauschtert op de Bäinumm Crossback a stoung an der Elektroversioun E-tense dem Paul Origer fir een Alldagstest zur Verfügung.
    0 min