Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Autotest Peugeot 508 SW PSE, 27/05/2021
    E neie Logo, e neie Slogan, an elo brëllt de Léiw méi haart. Gemengt ass hei de Léiw vu Peugeot.
    Peugeot Sport Egineered, huet beim Modell 508 d’Krallen elo geschäerft. Eraus koum de 508 PSE.
    De Christian Schmit war fir eis op der Presentatioun.
    0 min
  • Automag Skoda Enyaq i.V., 24/05/2021 11:45
    Als eng vun deene leschte Marken aus dem VW-Konzern kritt dann elo och Skoda hiren éischten als reng elektreschen Auto entwéckelte Modell an d’Gamme. Den Enyaq i.V. ass gläichzäiteg och ee grousse Schratt an d’Zukunft vun der tschechescher Autosmark. Wat den Enyaq alles ze bidden huet, dat huet fir eis de Paul Origer op der Presentatioun zu Lëtzebuerg erausfonnt.
    0 min
  • Automag: Jeep Renegade 4Xe, 20/05/2021
    Jeep steet fir Offroad tauglech an net onbedéngt spuersam Gefierer. Abee, daat kéint sech elo mam Jeep Renegade änneren. Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp huet sech mam neisten Undriff ënnert dem Capot vum Kompakt-SUV ausernee gesaat.
    0 min
  • Automag: Honda Civic Type R, 17/05/2021 11:15
    Dass d’Japaner wëssen, wéi een e Kompaktsportler baut, ass jo näischt Neies. Ee Vertrieder vun där Gattung ass den Honda Civic Type R, an dee presentéiere mer iech haut am Automag. Dofir ass den Andy Brücker fir eis am Studio...
    0 min
  • Automag: Opel Insignia Sports Tourer, 13/05/2021
    Am Automag vun haut steet mam Opel Insignia Sportstourer e Familjekombi aus Rüsselsheim am Mëttelpunkt. Opel huet sengem Flaggschëff e Facelift spendéiert fir den Uschloss un d’Konkurrenz net ze verléieren. Ob dat gelongen ass, huet den Akim Schmit aus der Automag Ekipp probéiert erauszefannen.
    0 min
  • Automag: Nissan LEAF E+, 10/05/2021

    Elo wou jo Elektro Modeller bei alle Konstrukteuren ze kréie sinn, huet d’Automag Redaktioun dierfen eng Ronn mam Pionéier an deem Segment dréinen.Eng Woch Alldag Test stoung um Programm, dat mam Nissan LEAF E+, an um Volant de Christian Schmit.









    0 min
  • Automag: Renault Captur E-Tech, 06/05/2021
    Plug-In Hybriden sinn am Automag keng Onbekannt méi. Ee vun den neitsten Vertrieder mam Mix aus Bensinner an Elektromotor ënnert dem Capot ass de Renault Captur. Wéi sech de Mini-SUV am Alldag mecht huet den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp probéiert erauszefannen.
    0 min
  • Automag: Fiat 500e Cabrio, 03/05/2021 11:45
    Wat fir VW de Golf ass, dat ass fir Fiat de 500. De klengen Italiener huet net nëmme Fiat aus der Patsch gehollef, en huet sech och zur Marken-Ikon entwéckelt. Elo ass den Nofollger do an de Paul Origer erzielt eis, no 500 km mam 500e, wat sech bei deem alles geännert huet.
    0 min
  • Automag: VW ID 4, 29/04/2021 16:15
    D’Auswiel un Elektro Autoen hëlt permanent zou. Och bei VW, a nom ID 3 ass et elo um ID 4 dee beim Concessionnaire am Showroom steet.
    Sech en ukucken, schéin a gutt, mee fueren ass natierlech besser.
    An esou hat VW mat den éischte Sonnestrale vum Fréijoer op en Tour duerch d’Land invitéiert.
    A fir eis war de Christian Schmit dobäi.
    0 min
  • Automag: Honda e, 26/04/2021 11:45
    Esouguer de grousse Motorespezialist Honda huet ëmgesuedelt a lescht Joer säin éischte vollelektreschen Auto presentéiert. Elo ass deen neien Honda e endlech och an der Automag-Redaktioun gelandt a gouf vum Paul Origer am Alldag getest.
    0 min