Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: Mercedes EQA, 08/03/2021 11:45
    Virun e puer Woche war et nach ee vun den Highlights vum Autofestival deen an der Blackbox zu Hollerech Avant-Première gefeiert huet – kuerz drop duerft eis Automag-Equipe deen neie Mercedes EQA exklusiv fir zwee Deeg op de Lëtzebuerger Stroossen testen. Wéi eng Impressiounen den neien Elektro-Mercedes hannerlooss huet, verréit eis de Paul Origer:
    0 min
  • Di nei Mercedes C-Klass geschwënn am Showroom, 04/03/2021 16:15
    Am Automag geet et haut em d’Mark mam Stär um Küler. Mercedes-Benz. Mat dee wichtegste Modell an der Gamme, hir C-Klass.

    Déi huet dëser Deeg hir virtuell Première gefeiert, a ka vum 30. Mäerz u bestallt ginn.

    Am Virfeld goufen et Detailer op eng virtueller Pressekonferenz. De Christian Schmit hat dat fir eis suivéiert.

    0 min
  • MAN Lion's City Elektro-Bus, 01/03/2021
    Ëmmer nees gi mir jo drop higewise méi dacks den ëffentlechen Transport ze notzen. Ma da maache mir dat haut emol am Automag.
    Fir d’MAN Lion’s City E-Roadshow war dee neien MAN Bus och zu Lëtzebuerg.
    De Christian Schmit souz fir eis mat am fuschneien Elektro-Bus.
    0 min
  • Automag: Cupra Formentor, 25/02/2021 16:15
    Zwee Joer ass et elo hir, dat Seat hir sportlech Equimentslinn Cupra zu enger eegener Mark gemaach huet. Deemols gouf dann och een eegestännege Modell versprach an deen ass elo do. De Paul Origer huet deen neie Cupra Formentor fir eis am Alldag getest.
    0 min
  • Automag: Ford Puma ST, 22/02/2021 11:45
    E richtege Liichtbléck a schwéieren Zäite gouf et fir eis Automag-Redaktioun. D’Présentatioun zu Lëtzebuerg huet zwar missen annuléiert ginn, mee den neie Puma ST konnt de Paul Origer trotzdeem fir eis e puer Deeg fueren!
    0 min
  • Automag News, 18/02/2021 16:15
    Jaguar gëtt zum Elektroauto-Hiersteller, an Holland hëlt den éischten Handy-Blëtzer säi reguläre Betrib op an zwou däitsch Stied verbidden Elektroautoen den Accès an hir ënnerierdesch Parkhaiser. Den Detail vun den Automag-News mam Akim Schmit.
    0 min
  • Automag: Cupra Leon Sportstourer, 11/02/2021
    Am Automag haut eng Mark déi 2018 eréischt an d’Liewe geruff gouf: Cupra. Ass an sech de sportleche Pendant vun Seat. Wéi eegestänneg presentéiert sech den Testauto dann? De Christian Schmit war mam Cupra Leon Sportstourer ënnerwee.
    0 min
  • Automag: Wat ass mäin Auto nach wäert?, 01/02/2021
    Den Autofestival 2021 ass anescht ewéi soss. Froen, déi sech bei deem Festival ëmmer gestallt ginn, sinn déi: Wéi ee soll et da sinn? Wéi eng Faarf? an net zu lescht: Wat kréie mir nach fir deen Alen erëm? Wien definéiert eigentlech de Wäert vun engem Automobil? Eng Fro, där de Christian Schmit nogaangen ass.
    0 min