Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: Renault Clio E-Tech, 22/04/2021 16:15
    E klengen Auto fir kuerz bis Akafen ze goen an da wa méiglech och nach Ëmweltfrëndlech ënnerwee sinn. Dat kéint zum Beispill de Renault Clio E-Tech sinn. De Rich Simon hat deen am Test a stellt eis de Fransous am Automag vun haut vir....
    0 min
  • Automag: Mercedes-Benz CLA Plug-In Hybrid, 19/04/2021
    Mam CLA schléit Mercedes d’Bréck tëscht der A- an der C-Klass. An zanter Kuerzem sinn de Coupé an de Shooting Brake och als Plug-In Hybrid ze kréien. Ob et dobäi just drëms gaangen ass e Lach an der Gamme opzefëllen, oder ob déi nei Motorisatioun Sënn mecht huet den Akim Schmit aus der Automag-Equipe probéiert erauszefannen.
    0 min
  • Automag: VW Touareg R, 15/04/2021 16:15
    D’R-Modeller si bei VW jo bekanntlech déi leeschtungsstärkst Versiounen, elo gëtt och d’SUV-Flaggschëff Touareg mam onscheinbare Buchstaw gekréint an anengems een neie Plugin-Hybrid-Undriff lancéiert. De Paul Origer hat den neie VW Touareg R e-hybrid fir eis am Test.
    0 min
  • Automag: Test Mercedes AMG E53 Cabrio, 08/04/2021
    D´Fréijoer ass do an de Summer steet logescherweis virun der Dir. Dat sinn déi Joreszäite wou een de Cabrio eraus hëlt. Fir déi eng geet een, soe mir mol, einfache Cabrio duer, fir déi aner muss deen awer och eppes ënnert der Hauf hunn. An esou ee stellt de Rich Simon eis vir. Nämlech de Mercedes AMG E53 4Matic....
    0 min
  • Automag: KIA Picanto GT Line, 01/04/2021
    Den Automag presentéiert sech hei op der Antenn ganz ofwiesslungsräich. Vu kleng bis grouss ass alles dobäi. Modeller fir dee méi klenge Porte Monni bis bei därer déi bal e Lotto Gewënn viraussetzen. Haut gëtt et een aus der Kategorie fir de bescheidene Budget. De KIA Picanto, deen e puer Neierunge mat op de Wee krut. De Christian Schmit hat sech där Saach ugeholl.












    0 min
  • Automag: VW Golf 8 GTI, 29/03/2021 11:45
    Am Automag vun haut schwätze mer iwwert en Auto, dee wuel bal all Mënsch kennt, och wann en näischt fir Autoen iwwreg huet. Et gëtt en elo schonn an der 8. Generatioun, dat eleng schwätzt scho fir seng Erfollegsgeschicht. Rieds ass vum VW Golf GTI, an dofir ass den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp bei eis am Studio. 
    0 min
  • Automag: Mercedes GLB, 25/03/2021 16:15
    Mat 7 Modeller, wa mer vum Offroad-Dinosaurier G mol ofgesinn, ass vun A bis S d’SUV-Gamme vu Mercedes nawell gutt vertrueden. Jéngste Spross ass ënnert aneren de GLB deen um leschte Festival seng Première gefeiert huet. Wéi sech deen am Alldag fiert a wat en esou besonnesch mécht, dat verréit eis de Paul Origer.
    0 min
  • Automag: VW Caddy, 22/03/2021
    Ëmmer dann, wann et méi graff zougeet, kommen d’Gefierer vu "Volkswagen Nutzfahrzeuge" an d'Spill. Hieren neisten Utilitäre ass do awer eng Ausnam. Mam neie VW Caddy musse sech d’Kombiversioune vu Golf a Passat waarm undoen. Den Akim Schmit aus der Automag-Equipe hat de prakteschen Kombi mam héijen Daach am Test.
    0 min
  • KIA RIO Mild Hybrid, 15/03/2021 11:15
    Made in Korea heescht et haut am Automag mam KIA Rio.
    E Modell deen de koreanesche Konstrukteur elo schonn iwwer 20 Joer a senger Gamme huet. Elo dann och mat Mild Hybrid, Facelift a méi?
    De Christian Schmit wollt dat hannert dem Volant erausfannen.
    0 min
  • Automag: Toyota Mirai, 11/03/2021
    Mirai ass dat japanescht Wuert fir Zukunft. Japanesche Kascht gëtt et haut och am Automag. Toyota huet e Modell am Programm deen och Mirai heescht a mat Waasserstoff ugedriwwe gëtt. Dee geet elo a seng zweet Generatioun. De Christian Schmit war bei der offizieller Presentatioun zu Bréissel dobäi.
    0 min